3D-ScannerHightech aus Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ginn 3D-Scanner entwéckelt a produzéiert, déi op der ganzer Welt an den Asaz kommen.
3D-Scanner aus Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ginn 3D-Scanner entwéckelt a produzéiert, déi op der ganzer Welt an den Asaz kommen.

D’Firma Artec 3D gouf an den USA am Silicon Valley gegrënnt, 2010 ass d’Entreprise an de Grand-Duché geplënnert.

D'3D-Scanner ginn an alle méigleche Beräicher gebraucht, sief et fir den Design vun neie Produiten oder fir Qualitéitskontroll. Zu de Clientë gehéieren all déi grouss Auto- a Fligerconstructeuren.

“Wëssenschaft, Universitéiten a Schoulen ass eisen zweete grousse Beräich, no der Industrie”, seet de Generaldirekter vun Artec 3D, den Artyom Yukhin. “D'3D-Scanner hunn d’Archeologie an d’Paleontologie revolutionéiert. De Wëssenschaftler huet elo en handlechen Apparat, deen um Terrain fonctionéiert. Hie kann elo all d’Detailer an d’Faarwen am 3D festhalen.”

D’Lëscht geet nach weider. An der Medizin ginn d’Scanner gebraucht, fir Operatiounen ze plangen oder Protheesen z’entwéckelen. D’Police benotzt se, fir Spueren ze sécheren zum Beispill bei Accidenter. Esouguer de Präsident Obama gouf scho gescannt.

Vill Entreprise loossen an Asien produzéieren, d’Scanner vun Artec 3D ginn dogéint alleguer zu Lëtzebuerg hiergestallt.

“Dat mécht sech bezuelt. Éischtens hu mir méi Kontroll iwwert d’Produktioun, grad bei neien Entwécklungen. An zweetens, wéi mir elo de Lockdown haten, hu vill Entreprisen hir Produktioun gestoppt. Mir konnten awer weider maachen”, erkläert de Generaldirekter Artyom Yukhin.

Elleng am Grand-Duché zielt d’Entreprise eng 100 Mataarbechter. Et ass een och am gaangen eng ganz nei Produktiounslinn opzebauen, déi am Januar soll a Betrib geholl ginn.

Viru kuerzem hu si e kompletten Helikopter vun der Air Rescue gescannt an d’Resultat vun där Aarbecht kann een aktuell am Luxembourg Science Center zu Déifferdeng gesinn.

Back to Top
CIM LOGO