74 Joer ale presuméierten Täter huet zwee vu sengen Noperen erschoss
Dat confirméiert de Parquet, nodeem et e Méindeg géint 10 Auer zu engem dramateschen Tëschefall zu Nidderkuer koum.
Zwou Persoune goufen hei op oppener Strooss erschoss.
Kuerz virun 10 Auer sinn de Méindeg de Moien an der Rue des Trévires zu Nidderkuer zwou Persounen erschoss ginn, wéi d'Police confirméiert.
Wéi d'Police op d'Plaz koum, hunn d'Beamten zwou Läiche fonnt. D'Affer - eng Fra vun 62 Joer an e Mann vu 54 Joer - waren nieft hirem Haus erschoss ginn. Beim presuméierten Täter handelt et sech ëm e 74 Joer alen Noper. Hie gouf op Uerder vum Parquet verhaft a kënnt en Dënschdeg bei den Untersuchungsriichter. D'Enquête vun der Police judiciaire leeft. Dat huet de Parquet de Méindeg de Mëtteg an engem Communiqué matgedeelt.
RTL-Informatiounen no huet et sech wuel ëm dat déidlecht Enn vun engem Sträit tëscht Nopere gehandelt. Eng Aenzeie beschreift, datt si op eemol ee Knall wéi bei enger Explosioun héieren hätt. Dunn hätt et nach zweemol geknuppt an eng Persoun hätt gejaut. Wéi si aus der Fënster gekuckt huet, hätt si zwou Persounen um Buedem leie gesinn.
Ee weideren Aenzeien huet gesot, de presuméierten Täter, bei deem et sech wuel ëm ee pensionéierte Mann, deen an der Strooss wunnt, handelt, hätt kuerz virun der Dot d'Garagenafaart gekiert an him nach fein "Moien" gesot. De Mann wier ni negativ opgefall an e géing him am Fong leeddoen. Et hätt schonn zanter Jore Sträit tëscht der Koppel, déi an engem Appartement gewunnt huet, an dem Mann ginn. Wéi hien un d'Waff, eng Zort Flënt, komm ass, ass net kloer. Offiziell confirméiert ass dat bis ewell net.
Offiziellt Schreiwes vum Parquet
Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec des coups de feu mortels à Niedercorn
(17.10.2022)
Ce lundi 17 octobre 2022, vers 10h00, la police a été avertie que des coups de feu avaient été tirés dans une rue résidentielle à Niedercorn. Sur place, les agents ont trouvé les corps de deux personnes qui avaient été abattues à quelques pas de leur maison. Les victimes sont une femme âgée de 62 ans et son mari âgé de 54 ans. Le tireur présumé âgé de 74 ans, voisin du couple, a été appréhendé à son domicile par la police et a été arrêté sur ordre du parquet. L’homme sera déféré demain matin au juge d’instruction.
Le juge d’instruction et un représentant du parquet de Luxembourg se sont rendus sur le lieu des faits. La police judiciaire a été chargée de l’enquête. Le mobile du tireur présumé n’est pas encore connu.
Le parquet tient à rappeler que toute personne visée par une enquête ou une procédure pénale est présumée innocente tant que sa culpabilité n’a pas été reconnue par une décision définitive de la juridiction de fond compétente.