De Joseph Kinsch ass en Donneschdeg am Alter vun 89 Joer gestuerwen
An den 90er Jore stoung hien un der Spëtzt vun der deemoleger Arbed an huet dës zu engem vun de weltwäit gréisste Stolproduzente gemaach.
Ugangs de 60er Joren huet de Joseph Kinsch bei der Arbed ugefaangen. 1980, matzen an der Stolkris gouf hie Generaldirekter fir d'Finanzen a koum an den Direktiounscomité vun der Arbed.
Op dësem neie Posten hat hie schwéier Zäite viru sech, wann ee bedenkt, datt d'Nofro spéitstens no der Pëtrolskris vun 1979 agebrach ass an d'Produktioun vun der Arbed bis 1984 Joer fir Joer erofgaangen ass. De Staat huet misse mat Kapital hëllefen an et koumen erëm méi liicht Zäiten.
1992 ass de Joseph Kinsch President vun der Generaldirektioun ginn.
Expandéieren a moderniséieren ware seng zwou grouss Prioritéiten. D'Arbed gouf zu engem vun de gréisste Stolproduzente vun der Welt.
Dat Joer drop goufen ënnert dem Joseph Kinsch d'Héichiewen duerch modern elektresch Iewen ersat. Zu där Zäit krut hien och e weidere wichtege Posten dobäi. Hie gouf zousätzlech zu senger Funktioun als President vun der Generaldirektioun, President vum Verwaltungsrot.
Am neie Joerdausend huet de Jupp Kinsch eng Schlësselroll gespillt, wéi duerch d'Fusioun vun der Arbed, hirem spuenesche Partner Aceralia an hirem franséische Konkurrent Usinor d'Arcelor ginn ass.
2006 dunn de Schock, d'Mittal Steel Company, zu deem Ament de gréisste Stolproduzent op der Welt, mécht eng feindlech Offer fir d'Aktien vun der Arcelor.
Domadder hu 5 Méint laang Verhandlungen ugefaangen, Arcelor krut d'Offer vu Mittal verduebelt an um Enn gëtt et en Accord, deen de Joseph Kinsch virun der nationaler an internationaler Presse um Rousegäertchen explizéiert huet.
De Joseph Kinsch hat duerchgesat kritt, datt de Siège zu Lëtzebuerg bleift a fir zwee Joer huet hien d'Presidence vum Verwaltungsrot iwwerholl, ier hien dunn no bal engem hallwe Joerhonnert an der Stolindustrie an d'Pensioun gaangen. Zwee Joer drop gouf hie vum deemolege Premier Jean-Claude Juncker mam nationale Verdéngscht-Uerden an den "Insignes de la grande croix" ausgezeechent.
De Premier Jean-Claude Juncker huet deemools ënnerstrach, datt de Joseph Kinsch seng ganz Karriär iwwer ni den Interessi vun de Beschäftegte vun der Arbed, der Arcelor a vun ArcelorMittal vergiess huet... an och net den Interessi vum Land.
De Joseph Kinsch ass den 20. Oktober am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Hien hannerléisst seng Fra, zwee Filssen an zwee Enkelkanner.
Senger Famill drécke mir eist éierlecht Matgefill aus.
Reaktiounen
De President vum Verwaltungsrot Michel Wurth sot sech an enger éischter Reaktioun schockéiert iwwert den Doud vu sengem laangjäregen Aarbechtskolleeg. De Joseph Kinsch hätt d'Stolindustrie zu Lëtzebuerg markéiert wéi seelen en Aneren. Hien hätt Zeeche vun der Zäit erkannt an awer ëmmer och u Lëtzebuerg an de Lëtzebuerger Modell gegleeft. De Joseph Kinsch war och 10 Joer laang President vun der Chambre de Commerce an huet den Daachverband vum Patronat UEL mat gegrënnt. Hie wier e Beispill an och Mann vum Sozialdialog gewiescht, sou de Michel Wurth am RTL-Interview. E Mann dee "schrecklech verankert gewiescht wier an der Lëtzebuerger Gesellschaft".
De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet de Joseph Kinsch als grousse Visionär gewierdegt.