D'Gemenge solle vun der sougenannter Mobilisatiounstax profitéieren, déi d'Regierung viru Kuerzem virgestallt huet.

Eréischt vu 6.000 Awunner u soll eng Gemeng vum Majorz- an de Proporzsystem wiesselen - dat ass eng vu 36 Propositiounen, déi de Gemengesyndikat Syvicol e Méindeg am Virfeld vun de Gemengen- a Chamberwalen d'nächst Joer presentéiert huet. Bei der Educatioun missten d'Gemengen entlaascht ginn, ënnert anerem beim Logement wiere méi finanziell Mëttel néideg an d'Gemenge misste systematesch an Decisiounen agebonne ginn.

Aktuell musse vun 3.000 Awunner u Lëschten opgestallt ginn, dat wier awer fir vill Leit eng Brems, sou den Diddeleng LSAP-Deputé-Maire a Syvicol-Vizepresident Dan Biancalana.

"Mir mierken natierlech och an Diskussioune mat anere Gemengen, déi hei am Svicol-Comité vertruede sinn an driwwer eraus, datt eng ganz Rei Kandidatinnen a Kandidate sech schwéier doen, wa se vum Majorz- an de Proporzsystem eriwwer wiesselen. Dass se dann eng politesch Etikett deementspriechend mussen hunn an, dass dat oft en Argument ass, dass Leit zwar interesséiert sinn, fir mat an d'Walen ze goen, sech awer aus deem Grond net mellen oder net matginn. Dat sinn Echoen, déi mer aus dem Gemengesecteur kréien."

D'Hëllefen, déi d'Gemenge vum Staat kréien, misste fir de Syvicol an enger ganzer Rei Beräicher ugepasst ginn, dorënner och de Logement. Den Taux, deen d'Gemenge pro Joer pro Sozialwunneng kréien, deen haut bei 1.500 Euro läit, misst op d'mannst verduebelt ginn. D'Recetten aus der annoncéierter Tax op eidel Terraine missten, anescht wéi vun der Regierung geplangt, de Gemengen zegutt kommen, grad wéi d'Leerstandssteier op Wunnengen, sou de Serge Hoffmann, CSV-Buergermeeschter vun Habscht a Syvicol-Vizepresident.

RTL

© Syvicol

"D'Gemenge mussen deen zukünftege Regëster féieren, wou eraus geet, ob Wunnenge bewunnt sinn oder net, wat dann natierlech awer mat Aarbecht, mat Risk vu Litigen an sou weider verbonnen ass. An dann eis 2. Argument ass, dat gëllt da méi fir Terrainen, déi net bebaut sinn. Dat ass, datt mer als Gemengen eigentlech déi selwecht Fraisen hunn, ob en Terrain bebaut ass oder net, well mer mussen d'Infrastrukturen esou plangen, fir dann zum Beispill Kläranlagen, Waasserinfrastrukturen, esou ze plangen, fir deenen Terrainen, déi am Bauperimeter sinn, gerecht ze ginn, ob se elo reell bebaut sinn oder net."

Wat d'Educatioun ugeet, ass de Syvicol der Meenung, datt de Staat misst de Schülertransport assuréieren an och zum Deel misst fir d'Sécherheet an de Gebaier zoustänneg ginn, notamment wat den Accès ugeet. De Syvicol gesäit eng Mandatstrennung weider positiv, ma da misst a Géigepartie eng Gemengechamber gegrënnt ginn, sou de President, de Klierfer CSV-Deputé-Maire Emile Eicher.

"Et ass eng Chamber, déi dann aus Representante vu Gemenge wieren. Do misst een natierlech elo kucken, wéi vill dat da wier a wéi se opgedeelt wieren. Mee et ass einfach de Prinzip, dee mer heimat wollte festhalen an dee misst dann obligatoresch fir säin Avis gefrot ginn, fir sämtlech legislativ Texter, déi eis concernéieren."

Dës Chamber misst da grad wéi de Staatsrot e Veto-Recht hunn.