De positiven Impakt vum Sport op d'Therapie an de Réckfall-Risiko
Am Abrëll 2024 krut d’Victoria Caro d'Diagnos Broschtkriibs. Wat si an där Zäit geléiert huet, wëll si elo net fir sech behalen.
Am Abrëll 2024 krut d’Victoria Caro d'Diagnos Broschtkriibs. Parallel zu der Chemotherapie huet d‘Urgentistin aus dem Kierchbierger Spidol d’Fachliteratur duerchsicht, fir ze kucken, wéi si als Patientin hir Chancë verbessere kéint an huet zolidd Studie fonnt iwwer den Impakt vum Sport. D’Statistike wäre beandrockend.
25 Prozent manner Réckfall-Risiko bei Broschtkriibs-Patientinnen, bei Daarmkriibs wär de Stierflechkeetsrisiko no 8 Joer souguer ëm 37 Prozent méi niddreg. Dat géife seriö Etüde beleeën, confirméiert den Dr Steve Hein aus dem Departement vun der Sportmedezin an der Preventioun am CHL. Zanter 10 Joer schafft een hei mat der Onkologie zesummen. Virop mat Broscht- an Daarmkriibspatienten.
Physesch Aktivitéit géif hëllefen, d'Chemotherapie besser ze iwwerstoen an duerchzestoen, manner Niewewierkungen ze hunn. Wéi zum Beispill eng dacks ausgepräägte Middegkeet ze bekämpfen oder Muskelschwund. Och Nerveproblemer, déi kéinten entstoen, kéinte mat Hëllef vum Sport éischter a besser traitéiert ginn, erkläert den Dr Hein.
Am ganzen 150-300 Minutten Ausdauer- a Kraafttraining d’Woch si recommandéiert. Dorënner zweemol 30 Minutte Muskelexercicer. Et muss net ëmmer intensive Sport sinn. Och méi liicht Beweegung zielt mat.
Fir déi positiv Effekter vum Sport gëtt et vill verschidden Erklärungsusätz a warscheinlech och méi Mechanismen, déi spillen.
"Engersäits sëtze mer mat der Aktivitéit eis Inflammatioun am Kierper erof. Do huele mer dem Kriibs warscheinlech eng Zort vu sengem Wuesstumsheizer. Dat geschitt warscheinlech iwwer Botestoffer, also Moleküllen, déi vum Muskel fräigesat ginn. Wa mer de Muskel méi aktivéieren, e méi grouss kréien, dann hu mer méi vun deene Botestoffer. An déi wierke sech dann op d'Kriibszellen aus, zum Beispill iwwert de Wee och, dat d'Immunitéit eropgesat gëtt. Dat heescht, eis Immunzelle sinn einfach méi geziilt aktiv géint d'Kriibszellen an erwëschen se éischter."
"De Mythos briechen, et misst ee wärend dem Traitement raschten"
Vun engem op Kriibspatiente spezialiséierte Fitnesscoach aus Spuenien huet d’Victoria Caro sech ee personaliséierte Programm ausschaffe gelooss, fir déi verschidden Etappe vun hiren Therapien ze begleeden. Virop Lafen a Muskeltraining. Elo wärend der Hormontherapie kéim Impakt-Training bäi fir d’Osteoporos-Preventioun.
Einfach wär et net ëmmer gewiescht, besonnesch am Ufank, fir sech ze rappen an nieft der Kriibstherapie Sport ze maachen, seet d’Victoria Caro. Mee wéi si bis déi positiv Effekter gespuert hätt, wär d’Motivatioun vum selwe komm.
"J’ai gagné de la vitalité. J’ai diminué tous les effets secondaires, les douleurs musculaires et articulaires. Actuellement je suis sous traitement hormonal et cela m’a permis d’avoir une vie assez confortable. Je n’ai quasiment pas d’effets secondaires, ce qui a permis une bonne adhérence au traitement."
Hiert neit Wësse wëll d’Doktesch elo net fir sech behalen. Si suivéiert Formatiounen iwwer Sport, Liewenshygiene an Ernierung an der Onkologie. Si wëll Betraffener an Zukunft iwwer eng Plattform an a Course beroden. D’Victoria Caro wëll de verbreete Mythos briechen, datt d’Kriibspatiente wärend dem Traitement just raschte sollten.
Enn dës Joers oder Uganks d'nächst Joer gëtt iwweregens en neie Pilotprojet lancéiert. Do kréien d'Dokteren d'Méiglechkeet, verschiddene Patientegruppen kierperlech Aktivitéit ze verschreiwen. Domadder kënnen déi Patienten sech vu geschoultem Personal hëllefe loossen a kréien dat - op d'mannst zum Deel - vun der CNS rembourséiert.