Autorisatiounsprozedur fir Videosurveillance soll méi séier ginn

Symbolfoto. / © Soeren Stache / dpa / AFP
Am Fall vun enger Demande fir eng Kamera-Installatioun solle Parquet a Mënschrechtskommissioun hiren Avis kënnen ofginn, kréien awer just ee Mount Zäit.
Den Delai wier ze kuerz, fanne béid Instanzen an hiren Avisen. Fir den Inneminister Léon Gloden sinn d'Delaien awer realistesch.
"Mer mussen eis och Delaie ginn, datt mer net een, zwee Jore brauchen, fir dann eng Autorisatioun, voire e Refus ze ginn. De Parquet huet zum Beispill elo, par rapport zu den Autorisatioune fir Visupolkameran fir d' Stad Lëtzebuerg - d'Stad Lëtzebuerg an Esch, oder Esch an Déifferdeng, dat wees ech elo net auswenneg - huet innerhalb vun zwou Woche konnten en Avis ginn. Sou datt dat wierklech kein Ding der Unmöglichkeit ass."
D’LSAP an déi Gréng wollten de Parquet an d’CCDH opgrond vun hiren Avisen nach emol an d’Chamberkommissioun invitéieren, iert de Projet votéiert gëtt. D’Majoritéit huet awer do dergéint gestëmmt. Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana seet sech enttäuscht:
"Ech muss virun allem soen, dass mer haut erëm erlieft hunn, mat wéi enger Iwwerhieflechkeet an Arroganz, d'Majoritéitsparteie mat der Oppositioun ëmgaange sinn. Mir hunn e wichtegt Gesetz, respektiv Rapport, virleie gehat. Effektiv an deem Projet de loi ass keng Opposition formelle méi vum Staatsrot. Mir haten awer zwee ganz kritesch Avise virleien, engersäits dee vun der Mënscherechtskommissioun an engersäits dee vum Parquet."
De Gréngen Deputéierte Meris Sehovic ass prinzipiell d’accord, datt et mat den Autorisatiounen ze laang dauert:
"Mir hunn als Escher Gemengerot 2023, wann ech mech richteg erënneren, decidéiert, dass mer gären eng Kameraiwwerwaachung op der Escher Gare hätten. Déi Prozedur dauert ëmmer nach un."
Allerdéngs maachen déi Gréng sech och Suergen iwwer de Respekt vun de Grondrechter vun de Leit:
"De Schutz vun der Privatsphär, de Schutz vum Familljeliewen, de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën, alles dat schéngt fir dës Regierung virun allem eng administrativ Barrière ze sinn."
E weidere Sujet an der Chamberkommissioun war en Audit am Kader vun der Reform vun der Generalinspektioun vun der Police.
Ënner anerem soll gesetzlech festgehale ginn, datt Polizisten obligéiert sinn, fir mat der IGP ze kooperéieren. Am Fall vun enger penaler Justiz-Prozedur géint e Beamten, oder enger Suspendéierung vun engem Polizist, soll evaluéiert ginn, ob a wéi déi concernéiert Persoun vläicht berufflech anerwäerts kéint agesat ginn.