Jeff Engelen hält an der Chamber op, Michel Lemaire réckelt fir hien no

Et gëtt e weidere personelle Changement an der Chamber, dës Kéier an der ADR-Fraktioun, wou de Jeff Engelen RTL-Informatiounen no, den 19. November ophält.
Den Norddeputéierte mécht Plaz fir de Michel Lemaire, deen als Nächstgewielten noréckelt.
De 37 Joer ale Clierfer Conseiller an ADR-Fraktiounsmataarbechter kéint dann ewell den Dag drop, den 20. November vereedegt ginn, wann d'Chamber mat deem Datum d'accord ass.
Op RTL-Nofro sot eis de Jeff Engelen, datt hie bei den nächste Wale 75 Joer hätt, an et elo Zäit wier, fir e Generatiounswiessel. De Jeff Engelen, deen dëst Joer 72 Joer krut ass zanter 2018 an der Chamber. De Politiker ass zanter 1990 Conseiller an der Wëntger Gemeng a gehéiert der ADR zanter 1989 un.
Eréischt d'lescht Woch hat mam aktuelle Chamber-Vize-President Fernand Etgen en aneren Nord-Deputéierte säi Réckzuch aus der aktiver Politik bei eis op der Antenn annoncéiert. An der DP-Fraktioun réckelt de fréiere Minister Marc Hansen fir de Fernand Etgen no.