Ronn 60% vun alle Clibb am Land net konform mam neien ASBL-Gesetz

Symbolbild / © Envato YuriArcursPeopleimages
Et kéint sinn, datt eng ganz Partie Clibb am Land juristesch an organisatoresch op ganz onsécher Zäiten duersteieren.
Vun de ronn 9.300 ASBL'en, déi am Land offiziell registréiert sinn, hu sech der nëmmen eng 3.400 (37%) en règle gesat, dat heescht, datt d'Statuten dem neien ASBL's-Gesetz vun 2023 ugepasst goufen.
Deemno sinn eng 60% vun alle Veräiner net konform zum neie Gesetz, deem vum 24. September un all Clibb a Fondatiounen obligatoresch no enger Iwwergangsperiod vun 2 Joer ënnerleien. Dat heescht, datt Statuten, déi net ugepasst goufen an deemno dem Gesetz widderspriechen, ganz einfach als net geschriwwen an als net-applizéierbar gëllen. Vun den 192 Fondatiounen am Land hu sech der iwwerdeem 80 konform gesat, wat och nëmmen 42% entsprécht.
Wann nach Kommiteesmembere wëllen hir Statute konform zur aktueller Legislatioun setzen, sinn Informatiounen um Internetsite myasbl.lu ze fannen.
Dës Informatioune gëtt d'Justizministesch Elisabeth Margue den DP-Deputéierte Beissel a Bauler, déi via parlamentaresch Fro wollte wëssen, wéi vill Clibb konform mat der neier Legislatioun wieren.