E Mëttwoch de Moien huet et bannent 5 Minutten direkt zweemol op der A7 gerabbelt. Dat mellt de CGDIS e Mëttwoch.

Op der Nordstrooss koum et ëm Punkt 7 Auer zum éischten Accident tëscht Miersch an dem Mierscher Tunnel. Zwee Autoe waren net laanschtenee komm an et gouf ee Blesséierten. Eng Ambulanz vu Lëntgen ass op d'Plaz gefuer.

Ëm 7.05 Auer koum et dann direkt dernieft zum nächsten Accident op der A7. Tëscht dem Mierscherbierg a Miersch huet et tëscht zwee Autoe gerabbelt an et goufen zwou Persoune blesséiert Eng Ambulanz aus der Nordstad an eng aus der Fiels waren am Asaz.

Nach emol zwee Autoe si géint 7.15 Auer op der N12 tëscht Dondel a Bous matenee kollidéiert, hei gouf et ee Blesséierten. Eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz.

Tëscht Katrewang an Heischent ass um CR308 dann nach een Auto an ee Bam gerannt, dat ëm 10.50 Auer. Eng Ambulanz vu Wolz war do.

Um CR163 tëscht Beetebuerg an Obeler ass géint 12 Auer een Auto accidentéiert, woubäi eng Persoun blesséiert gouf.

Kee Blesséierte gouf et da bei engem Feier an enger Produktiounshal zu Rodange an der Avenue de l'Europe. Trotzdeem waren hei eng jett Secouristen am Asaz, notamment déi vu Péiteng, Suessem, Déifferdeng, Käerjeng an Esch, genee wéi den Anti-Contaminatiounsdéngscht.