D'Covid-Zuele sinn den Ament hei am Land stabel - dat gëllt differenzéiert gekuckt och den Ament fir d'Alters- a Fleegeheemer am Land.

Do ass de Virus trotz allem awer aktiv. Esou sinn aktuell a 26 verschiddene Strukture ronn 150 Leit positiv.

Mat der Stater Fondation Pescatore stécht awer ee CIPA eraus, well hei ronn 60 eeler Persoune Covid-positiv sinn - dat ass all fënnefte Pensionär.

Duerfir sinn och d'Restauranten an dëser Struktur bis op Weideres zou an d'Visiteure si gehalen, stänneg FFP2-Masken unzehunn a sech am beschte virun all Besuch ze testen.

Wéi et op RTL-Nofro aus dem Familljeministère heescht, hunn d'Persoune, déi positiv op de Coronavirus getest goufen, just alleguer liicht grippal Symptomer. D'Strukture stéingen a permanentem Kontakt mam Ministère an der Direktioun vun der Santé stoen, fir eben d'Anti-Covid-Mesuren a -Restriktioune vu Fall zu Fall a jee no der Evolutioun unzepassen.