Fuerderungen a Saache Schoul- a Familljepolitik virgestallt
© Fanny Kinsch
An Zukunft sollen Eltere kënnen zu 80 Prozent schaffe goe bei vollem Lounausgläich, bis d'Kand an de Lycée kënnt - dat fuerdert déi nei Partei Fokus.
D'Partei, déi vum fréiere CSV-Chef Frank Engel gegrënnt gouf, huet hir Fuerderungen a Saache Schoul- a Familljepolitik virun der Press virgestallt. Elteren, déi dat an Usproch huele géingen, hätten da manner Recht op gratis Kannerbetreiung. Elengerzéier hätte Recht drop, awer an enger Koppel misste béid Elterendeeler et ufroen an net just een, sou de Parteipresident Marc Ruppert.
Marc Ruppert: "Haut ass d'Realitéit oft esou, dass wann herno nom Congé parental d'Elteren erëm schaffe ginn, datt wann et da méiglech ass, mee et ass eng finanziell Fro, ee vun deenen 2 Elterendeeler nach hallef schaffe geet. Net selten d'Mamm. Dat heescht, et kënnt een dann zu 2 op, ech soe mol vun deenen 200% kënnt een op 150. Dat wat mir hei proposéieren, kënnt deem eigentlech no, just dass déi 2 Elterendeeler sollen déi Zäit kënne mat de Kanner verbréngen, dat heescht et ass eng Konditioun."
De Projet vum DP-Educatiounsminister Claude Meisch, fir den Alter vun der Schoulflicht vu 16 op 18 Joer eropzesetzen, gesäit Fokus ganz skeptesch.
D'Partei ass dann och dogéint, datt een tëschent 7e a 5e net duerchfält, wëll nees Punkte vum 3. Schouljoer un an en optionalen Opnamexame fir an de Lycée, wann d'Elteren net mat der Orientatioun averstane sinn.