Déi héich Energiepräisser gi jo duerch den Ukrainkrich ugedriwwen.

Cimalux vun Esch ass déi eenzeg Entreprise zu Lëtzebuerg, déi Zement produzéiert. Well dofir extrem vill Energie gebraucht gëtt an dës am Moment esou deier ass wéi nach ni, huet een decidéiert, de Präis fir eng Tonn Zement vun ongeféier 95 op ronn 150 Euro eropzesetzen. Dës historesch Präishausse wier net ze evitéiere gewiescht.

"Dann hu mer natierlech eis Energiekäschten. Mir hu Kuel, déi deelweis aus Kolumbien kënnt, well se net méi kann aus Russland kommen, déi och aus Südafrika kënnt, déi Präisser si véier Mol méi héich wéi virdrun. Mir hunn d'Stroumpräisser, déi dëst Joer an eiser Fabréck zu Rëmeleng fënnef Mol méi héich waren. Dat huet natierlech een enormen Impakt op eist Resultat. Mir wäerten dëst Joer dat schlechtstent Resultat an iwwer 100 Joer schreiwen", esou de Christian Weiler vu Cimalux.

Datt de Präis fir Zement an d'Luucht geet, spiert ee virun allem an der Bëtongsindustrie. Dës gëtt déi zousätzlech Käschten Eent zu Eent weider an héischt de Präis vun engem Kubikmeter Bëtong vun am Schnëtt 110 op 150 Euro. D'Hausse vu ronn 40 Euro wier awer och op den héije Präis vun anere Matière Premièren, beispillsweis Sand, zeréckzeféieren. Hei hätt ee franséischt Kuelekraaftwierk keng ganz propper Roll gespillt.

"Si sinn hi gaangen an hunn d'Schëffer um Rhäin an op der Musel souzesoe beschlagnaamt andeems se ee Präis ugebueden hunn, dee véier Mol méi héich war wéi normal", seet de Ferd Feidt vu Bétons Feidt. "Wéi konnte se dat maachen? Majo well de Präis vum Stroum ëmmer op Basis vum Gas-Stroumpräis gerechent gëtt. Sou datt si vill méi Reserven hunn. Dat schléit da bei eis ze Buch, well mir véier Mol méi fir dee Sand bezuele mussen, dee mir vum Rhäin kréien."

Well Bëtong am Bau gebraucht gëtt, wäerten och d'Präisser vun neien Haiser eropgoen. Aus dem Secteur gëtt et awer Entwarnung, grad bei Eefamilljenhaiser géing d'Hausse beim Bëtong net esou vill an d'Gewiicht falen, berouegt de Roland Kuhn vu Kuhn Construction.

"Ech mengen, dat ass net onbedéngt signifikativ, well an engem normalen Haus hutt der zirka 60 Kubikmeter Bëtong. Wann dee 50 Euro méi deier gëtt, da sinn dat 3.000 Euro. Dat ass natierlech nach ëmmer vill Geld, dat ass kloer, mä alles, wat den Entrepreneur oder de Steemetzer mécht, ass ëmmer nach vill méi bëlleg wéi all déi aner Branchen, déi nach hannen dru kommen."Méi problematesch dierft et par Konter bei grousse Bauwierker wéi Brécken, Kläranlagen oder Sockele vu Wandmille ginn. Hei misst ee kucken, fir méi spuersam mam Bëtong ëmzegoen. Och wann et sënnvoll wier no Alternativen ze sichen, kéint een awer ni ganz op Bëtong verzichten.