Retarde vu 6 bis 9 Méint, fir innovativ Medikamenter op de Maart ze bréngen
Zanter engem Joer ginn et Retarde bei der Kommerzialisatioun vu fortschrëttleche Medikamenter. Rieds geet vu 6 bis 9 Méint.
Betraff wiere virop Kriibspatienten a Mënsche mat rare Krankheeten. Lëtzebuerg war emol e gudde Schüler, wat eng séier Verfügbarkeet vu sougenannten innovative Medikamenter ugeet. Stoung an enger rezenter Etüd am europäesche Verglach vun 39 Länner op 9. Plaz. Zanter Oktober 2021 hätt dat sech awer geännert, bedauert d'Sonia Franck vun IML, der Associatioun "Innovative Medecines for Luxembourg". Eng 40 innovativ Therapië géifen an engem administrative Stau stiechen. Schold dorunner wier de Ministère vun der Sécurité Sociale.
"C'est uniquement une raison administrative. Le ministère de la Sécurité Sociale attend une décisioun très très longue en Belgique avant de commencer le travail ici."
Digitalisatioun an der Belsch suergt fir Retarden
Handelt et sech hei ëm eng Spuermesure, fir déi belaaschte Gesondheetskeess ze schounen? Um Réck vum Patient géife keng Sue gespuert ginn, verséchert eis den zoustännege Minister Claude Haagen.
Allerdéngs wier et esou, datt d'Belsch - vun där mir iwwer 90% vun eise Medikamenter kréien - hire System digitaliséiert hätt. Fir de Präis vun den Traitementer festzeleeën, bräicht een awer en offiziellt Dokument aus der Belsch. E Screenshot aus dem neien digitale System géing do net duergoen, deemno misst de Ministère elo op déi méi spéit Verëffentlechung an der Belsch waarden. A verschiddene Fäll kéint et doduerch effektiv zu Retarde vu bis zu 9 Méint kommen, bis en neit innovatiivt Medikament zu Lëtzebuerg verfügbar wier.
Et wier een an Echangë mat de belschen Autoritéiten, fir eng Solutioun ze fannen, verséchert de Claude Haagen. Zil wier et, innovativ Medikamenter nees a kuerzen Delaien op de Lëtzebuerger Marché ze kréien.
Méiglechkeet vun enger individueller Demande
Och wann d'Medikament nach net um Lëtzebuerger Marché ass, kann den Dokter eng individuell Demande fir säi Patient maachen. "Mir sinn och frou, datt et déi Prozedur gëtt", seet den Dr Stefan Rauh, President vun der Société Luxembourgeoise d'Oncologie. Awer net all d'Doktere wéissten onbedéngt dovunner. Ausserdeem wier d'Demande individualiséiert an zäitopwänneg.
Dat confirméiert och de Grégory Gaudillot. De President vun der Associatioun vun de Spidols-Apdikter gesäit e Risiko, datt verschidde Patienten dowéinst keen Accès zu dësen innovative Medikamenter kréichen.
Wéi vill innovativ Therapien, déi de Patienten e wesentleche Virdeel bréngen, reell an der Waardeschläif hänken a wéi vill Patiente betraff sinn, ass souwuel fir den Onkolog wéi och fir de President vun de Spidols-Apdikter schwéier anzeschätzen. Den Dr Rauh schwätzt vun 2 sougenannte "Gamechanger" – Medikamenter, déi d'Liewenserwaardung bei bestëmmte Broscht-, respektiv Longekriibspatienten erhéijen. De Grégory Gaudillot weess vun 3.