Vum neie Joer u wäert et an der Gemeng Dikrech verschidde Changementer ginn.

De René Kanivé vun der LSAP demissionéiert op den 31. Dezember aus dem Schäffen- a Gemengerot. D'Pascale Schmoetten, déi den Ament Conseillère ass, gëtt nei Schäffin.

Nei an de Gemengerot kënnt de Mario Della Schiava. Hie war den 11. vun 13 op der LSAP-Lëscht ginn, dat huet d'Partei en Donneschdeg den Owend per Communiqué matgedeelt.