Dat huet den Direkter vum Statec, de Serge Allegrezza de Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz betount, op där hir Konjunkturnott presentéiert gouf.

Den Immobiliëpräisser geet d'Loft aus

Déi aktuell Wirtschaftslag huet en direkten Impakt op d'Wunnengspräisser, wou den Ament e staarkt Ofbremse festgestallt gëtt.

"Mir hunn eng duerchschnëttlech Hausse vun den Immobiliëpräisser vu 7 Prozent d'Joer. Dat ass iwwer laangfristeg Periode gekuckt. Déi lescht zwee bis dräi Joer hate mer Haussë vun iwwer 10 Prozent, tëscht 10 a 15 Prozent a mir gesinn elo, datt d'Präisser ofbremsen. Warscheinlech souguer zeréckginn, wann een déi Donnéeë kuckt, déi op den Internet-Sitten, wou d'Annoncen affichéiert ginn, ze gesi sinn. Do ass e ganz staarke Ralentissement. Wann een dat géif vun Trimester zu Trimester kucken, wiere mer an enger Baisse vun den Immobiliëpräisser", sou de Ferdy Adam, Ekonomist beim Statec.

Ursaache ginn et der e puer, ugefaange mat den Zënsen: Hei fält op, datt den Taux fixe ëmmer manner gefrot ass. Den Ament ginn éischter Prête mat engem Mix vun Taux variabel a fix ënnerschriwwen. Tauxen, déi staark ugezunn hunn. Ufank 2023 gëtt mat Taux fixe vun iwwer 4% an Taux variable vun iwwer 3% gerechent.

De Fait, datt d'Konjunktur ofbremst, spillt dann och eng Roll, wat d'Immobiliëpräisser ubelaangt. Den Aarbechtsmaart ass manner dynamesch an d'Moral vun de Leit hätt kloer gelidden: Also d'Loscht ze kafen. Dat wäert awer och nees en Impakt op de ganze Secteur vum Bau hunn.

Manner Inflatioun am Grand-Duché wéi an der Eurozon

RTL

© Jeannot Ries

"D'Inflatioun ass zu Lëtzebuerg vill méi moderat wéi an der Eurozon", dat huet den Direkter vum Statec Serge Allegreza bei der Presentatioun vun de neier Note de Conjoncture deklaréiert. Och wann d'Inflatioun vill méi héich wier wéi gewinnt, hätt ee se antëscht méi am Grëff.

Note de Conjoncture Statec / Reportage Claudia Kollwelter

D'Inflatioun ass aktuell iwwerall héich, mä Lëtzebuerg steet am Verglach zu der Eurozon nach relativ gutt do, seet de Bastien Larue vum Statec. "Mir si bei engem Taux vun 6,9% op e Joer am September an Oktober. An der Eurozon bei 10,6% am Oktober an eng éischt Estimatioun op 10% am November. Dat huet vill mat de Stroum- a Gaspräisser ze dinn. Beim Gas zum Beispill hu mer eng Hausse vu 40% op e Joer am Oktober, an der Eurozon sinn et 80% - also dat Duebelt!"

Zwou bis dräi Indextranchen am Joer 2023

Déi nächst Indextranche wäert net méi dëst Joer erfalen, erkläert den Direkter vum Statec Serge Allegreza: "Mir hunn an eise Previsiounen eng éischt Indextranche relativ fréi, dann hu mer déi vum Abrëll, déi gesetzlech festgehale ginn ass, dann hu mer an zwee Zenarien eng Enn dës Joers, mä mir hunn och en Zenario, wann d'Situatioun sech géif besseren oder d'Präisser géifen entlaascht ginn, da géif déi op 2024 réckelen.

D'Tripartite-Mesurë géingen dem Statec no d'Kafkraaft stäerken an d'Aiden un d'Menagen an Entreprisë géingen ongeféier 2 Prozent vum PIB ausmaachen. Eng Rezessioun géing verhënnert ginn, mä d'wirtschaftlech Aktivitéit wier duerch d'Inflatioun, respektiv Energiekris kloer gebremst a wäert dëst an nächst Joer ënner 2 Prozent leien.

Wat de Chômage zu Lëtzebuerg betrëfft, dee wäert de Previsioune vum Statec no vun aktuell 4,8 op 5,1 Prozent klammen.