"Mir liewen an enger verréckter Zäit", sot de Staatsminister am groussen Neijoerschinterview op der Tëlee.

An enger Zäit vu Polykrisen, net just heiheem, mä op der ganzer Welt.

De Xavier Bettel hofft, datt 2023 méi einfach gëtt an ënnersträicht, datt elo Stabilitéit gefrot ass. Dofir versprécht hien dann och 10 Méint virun de Chamberwalen, am Fall, wou hie sollt gewielt ginn, zu Lëtzebuerg ze bleiwen. Hie géif an deem Fall keen Europäesche Spëtzeposten unhuelen, wéi zum Beispill dee vum EU-Conseilspresident, deen 2024 nei ze besetzen ass. "Wann ech d'Chance hu Premier ze gi vun dësem Land bei de Walen déi nächste Kéier, huelen ech mäi Mandat un. Ech hunn déi Propos scho kritt fir den Job vum Charles Michel, ier de Charles Michel gefrot ginn ass. Ech si gefrot ginn, ech hunn Nee gesot."

De Pierre Gramegna, deen eigentlech als Finanzminister demissionéiert hat, fir méi Zäit mat senger Famill ze verbréngen, hat dat jo rezent anescht gemaach, wéi en neie Chef vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus ginn ass. De Premier ënnersträicht awer, de Pierre Gramegna wier gefrot ginn, dee Posten z'iwwerhuelen, hien hätt ni proaktiv Campagne gemaach, fir en ze kréien.

Wat d'Regierungsekipp ugeet, seet de Staatsminister, hie wier frou, wann déi 3 Parteien et géife fäerdeg bréngen, keng "Walcampagneambiance" intern an d'Famill ze kréien. Blo-rout-gréng hätten e Mandat bis den Oktober oder souguer e puer Wochen doriwwer eraus, fir ze schaffen.

Un Aarbecht feelt et an deenen nächste Méint sécher net. Do ass zum Beispill de Logement, wou de Premier seng Meenung revidéiert huet. "Dat, wat fir mech wichteg ass, ass e Paradigmewiessel an ech maachen do och e Mea Culpa. Ech hunn och ëmmer geduecht, et muss ee kucken, datt d'Leit eng Wunneng kënne kafen. Et ass eng Realitéit, datt ganz vill Leit sech keng Wunneng kënne kafen."

D'LSAP-Vize-Regierungscheffin an dem liberale Premier seng gréisst politesch Konkurrentin bei de Chamberwalen hat Enn November am RTL Kloertext gesot, e gedeckelten Index dierft keen Tabuthema sinn. Tabuen dierfen et ni ginn, seet de Xavier Bettel, mä e gedeckelten Index wier net evident. "Do brauch een e politesche Konsens. Ech weess, datt meng Partei, där Meenung ass... an d'Gewerkschaften! D'Gewerkschaften hu gefrot, datt mer net an der leschter Tripartite iwwert de gedeckelten Index sollen diskutéieren. Ech hunn et op d'Dagesuerdnung bruecht, mä et war awer keen, dee matgaangen ass och vu Gewerkschaftssäit! A wann een esou eppes mécht, muss een awer kucken, e grousse Konsens ze hunn."

E strikten "NEE" gëtt et fir de Xavier Bettel, wann et ëm eng Reduzéierung vun der Aarbechtszäit geet. Dat géif net goen, notamment well mer schonn net genuch Leit hätten, déi zu Lëtzebuerg géife schaffen. De Premier ënnersträicht donieft, datt et och wichteg ass, datt d'Land seng ekonomesch Attraktivitéit behält. "Et kënnt keen op Lëtzebuerg, well mer hei d'Melusina haten oder well mer Kachkéis oder gutt Wieder hunn. D'Leit kommen heihinner, well se dee richtege Kontext fannen. De Kontext ass d'main-d'oeuvre. Et muss een attraktiv bleiwen, fir datt een d'Talenter och kritt, déi heihinner schaffe kommen, datt se gesinn, datt se hei net dräi mol méi Steiere bezuele wéi am Ausland an, datt se iwwerhaapt kënne kommen."

Eng Hausse vum Spëtzesteiersaz kann de Xavier Bettel trotzdeem net ausschléissen.

De Premier schwätzt am Neijoerschinterview och vun "immens onstabillen Zäiten", wann et ëm déi geopolitesch Situatioun geet. Net just wéinst dem Krich an der Ukrain, mä zum Beispill och wéinst der Situatioun am Mali, am Burkina Faso, am Iran oder am Afghanistan. Dat schlëmmst wier a sengen Aen, wann de Krich an der Ukrain op eemol Normalitéit géif ginn a wann een net méi géif driwwer schwätzen. D'Solidaritéit mat de Leit, déi hir Heemecht musse verloossen, mécht de Xavier Bettel houfreg, eng Solidaritéit, déi hie sech och fir 2023 géif wënschen.

Den Interview gouf am Virfeld opgezeechent. Dat virum Doud vum Benoît XVI.