
Gefillt jidderee wëllt Stater Buergermeeschter ginn
Lydie Polfer oder Corinne Cahen? D’Fro no der Spëtzekandidatur huet déi Stater DP eng länger Zäit beschäftegt. Mëttlerweil ass kloer, datt d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer zesumme mam Schäffe Patrick Goldschmidt déi Liberal an d’Course ëm de Chefposten um Knuedler féiere wäert. Ma op et um Enn fir déi Liberal duergoe wäert, hir Positioun ze verdeedegen, steet nach an de Stären. Grad an der Stad Lëtzebuerg mat hirem Auslännerundeel vu ronn 70 Prozent kéint eng Ännerung um Walgesetz ee groussen Impakt hunn. Anescht wéi bei de leschte Gemengewalen 2017 gëtt et dëst Joer keng Residenzklausel vu fënnef Joer fir Auslänner méi. Et ass also egal, wéi laang oder kuerz eng Persoun am Grand-Duché virdru gewunnt huet. Deen eenzegen Delai, deen et ze beuechte gëllt, ass d’Frist, fir sech an d’Wielerlëschten androen ze loossen. Dat muss ee bis spéitstens de 55. Dag virum Datum vum 11. Juni gemaach hunn. Well vill Auslänner, déi an der Stad wunnen, dacks nëmmen e puer Joer bleiwen, ware si bis elo vun de Walen ausgeschloss. Et ass also eng grouss Inconnu, ob dës Grupp dëst Joer wiele geet a falls jo, wéi eng Parteien dovu profitéiere wäerten.
Do dernieft bleift och ofzewaarden, wat fir eng Koalitioun sech forméiere wäert. Och wann d’Koalitioun aus DP an CSV an de leschte sechs Joer no baussen hin zimmlech harmonesch zesummegeschafft huet, kéinten déi Chrëschtsozial ëm den éischte Schäffen a Spëtzekandidat Serge Wilmes duerchaus versicht sinn, de Buergermeeschterposten an der Haaptstad ze iwwerhuelen. Schonn 2017 hätt d’CSV theoretesch mat der LSAP an deene Gréngen zesummen eng Koalitioun agoe kënnen. Virun allem déi Gréng hunn nach eng Rechnung mat de Liberalen oppen, nodeems si 2017 als Koalitiounspartner ausgewiesselt gi waren. Ma am Fong wëllen déi Gréng mam François Benoy an d’Sozialiste mam Gabriel Boisante, déi jeeweils mam Claudie Reyland (déi Gréng) respektiv dem Maxime Miltgen (LSAP) als Duebelspëtzt untrieden, selwer de Poste vum Buergermeeschter iwwerhuelen. Mat Bléck op déi méi kleng Parteien dierften déi Lénk probéieren, hir zwee Sëtz ze behalen. D’ADR ass nom Récktrëtt vum Roy Reding net méi am Gemengerot present. Dat well d’Marceline Goergen, déi Zweetgewielt op der ADR-Lëscht 2017, mëttlerweil net méi an der Partei ass an als Onofhängeg an de Gemengerot noréckelt. Si wäert Enn des Mounts assermentéiert ginn. Ob si a fënnef Méint nach eng Kéier mat an d’Wale geet a falls jo, bei wéi enger Partei, weess si nach net. Dat wéilt si bis Enn Februar decidéieren. Et bleift och ofzewaarden, ob mat de Piraten oder Fokus eng nei Partei de Wee an d’Märei um Knuedler fanne wäert. Wärend d’Piraten ënnert anerem dem Deputéierte Sven Clement säi Papp Pascal Clement an d’Course schécken, muss Fokus op de Frank Engel verzichten, dee sech ganz op d’Chamberwalen am Oktober konzentréiert.
Packt d’LSAP zu Esch de Comeback?
Am Süde stécht sécherlech Esch ervir. D’Cité du fer hat vun 1949 u bis op den Zäitraum tëscht 1970 an 1978 ëmmer ee Sozialist un der Spëtzt a war ëmmer am Schäfferot vertrueden. Ma 2017 ass d’LSAP vun néng op sechs Sëtz ofgerëtscht. Dat hat net just zur Konsequenz, datt d’LSAP vun der CSV als stäerkst Partei ofgeléist, mee och nach an d’Oppositioun geschéckt gouf. Op weider sechs Joer dierft ee bei der LSAP iwwerdeems keng Loscht hunn. Si trieden den 11. Juni mat enger vergläichsweis jonker an onbekannter Ekipp un. Déi fréier Buergermeeschtesch Vera Spautz hat sech d’lescht Joer aus der Politik zeréckgezunn. Ugefouert gëtt d’Lëscht vum Sektiounspresident Steve Faltz, mee méi bekannt dierfte Leit wéi d’Liz Braz, Duechter vum fréiere grénge Vizepremier Félix Braz oder den Handballer Sacha Pulli sinn.

Ob dat duergoe wäert, fir déi aktuell Dräier-Koalitioun aus CSV, DP an deene Gréngen ofzeléisen, wäert sech weisen. D’CSV hat sech 2017 vu véier op sechs Sëtz verbessert, d’DP an déi Gréng krute jee ee Sëtz vun een op zwee respektiv zwee op dräi derbäi. De Buergermeeschter Georges Mischo léisst duerchblécken, datt hie sech duerchaus virstelle kéint, no de Walen an där selwechter Konstellatioun weiderzefueren. Et hätt een nämlech “top zesummegeschafft”, och wann et mol intern Diskussioune ginn hätt. Ma de Georges Mischo wëllt awer och eng grouss Koalitioun tëscht CSV an LSAP net ausschléissen. Anescht wéi de Steve Faltz, deen am Dezember am “Tageblatt” eng Zesummenaarbecht mam aktuelle Buergermeeschter ausgeschloss hat. Een Afloss op déi nächst Koalitioun kéint och d’Ofschneide vun deene Lénken, déi aktuell zwee Sëtz hunn, an dovun ob eng aner Partei et an de Gemengerot packt, ofhänken.
Wiessel vun CSV bei déi Gréng suergt fir déck Loft zu Iechternach
Am Osten deit sech zu Iechternach ee méi intensive Walkampf un. Am November d’lescht Joer war de Christophe Origer aus der CSV ausgetrueden a bei déi Gréng gewiesselt. Dat hat derzou gefouert, datt d’Koalitioun aus CSV an LSAP hir Majoritéit verluer huet. Well d’CSV just nach zwee Conseilleren huet, kënnt d’Koalitioun op fënnef vun eelef Sëtz. Nëmme well d’Oppositioun aus deene Gréngen (véier Sëtz) an der DP (zwee Sëtz) sech beim Vote enthale huet, konnt de Budget 2023 ugeholl ginn. Dem Christophe Origer no hätt een ee Stëllstand zu Iechternach verhënnere wëllen. Ma trotzdeem léisst ee bei deene Grénge keen Zweiwel dorun, datt ee mat der Politik vun de leschte Joren net d’Accord ass. Vill Problemer wieren einfach mat Suen zougeschott ginn. Dat wier den Haaptgrond, firwat Iechternach hannert Wolz op Plaz zwee bei de Gemenge mat de meeschte Scholde steet. Zudeem hätte Membere vum Schäfferot sech aus parteipolitesche Grënn mat Ministèren ugeluecht. Och bei der Bedeelegung vun de Bierger an der Transparenz wier nach vill Loft no uewen. Sou sollten déi verschidden Aarbechtsgruppen duerch richteg Kommissiounen ersat ginn. Et wéilt een zwar keng Koalitiounsoptiounen ausschléissen, mee mat den aktuelle CSV-Conseillere wier eng Zesummenaarbecht schwéier a bei der LSAP wéist een net wierklech, fir
wat se steet. Mat der DP hätt ee par Konter a ville Beräicher Iwwerschneidungen.

D’Argumenter fir dem Christophe Origer säi Wiessel bei déi Gréng versteet den CSV-Buergermeeschter Yves Wengler bis haut nach net. Hien hätt am Fong wëlles gehat, nach eng Kéier mat an d’Walen ze goen an no der Hallschent vun der Legislaturperiod deene méi Jonken d’Rudder ze iwwerloossen. Ma dem Christophe Origer wier dat wuel ze lues gaangen an hien hätt ee méi séiere Wee no uewe gesicht. Dee jonke Mann wier extrem ambitionéiert, wat sech och dorunner weise géing, datt hie ganz vill benevole Poste gesammelt hätt. De Christophe Origer huet iwwerdeems seng Decisioun, dat politescht Mandat net un d’Partei zeréckzeginn domat begrënnt, datt vill vu senge benevole Mandater doru geknäppt wieren.
Zu Wäiswampech ginn d’Kaarten nei gemëscht
Konflikter gëtt et net just a Proporzgemengen. Datt ee sech och ouni Parteien zerstreide kann, weist d’Gemeng Wäiswampech am ieweschten Norde vum Grand-Duché. Hei dierften d’Kaarten den 11. Juni mat zimmlecher Sécherheet nei gemëscht ginn, well viraussiichtlech just ee vun den aktuellen néng Conseilleren nach eng Kéier untrëtt. Op Nofro hin ënnersträicht de Buergermeeschter Henri Rinnen, datt hien net nach eng Kéier mat an d’Wale geet. Dat dierft och fir déi aner Conseilleren, déi zur Majoritéit zielen, gëllen. Den Henri Rinnen gouf 1988 fir d’éischte Kéier an de Gemengerot gewielt an ass zanter 1995 Buergermeeschter. Spéitstens zanter de Walen 2017 ass zu Wäiswampech awer de Wuerm dran. Och wann all d’Kandidaten eenzel ugetruede sinn, waren et awer zwou Ekippen. Sou war et méiglech, datt den Henri Rinnen Buergermeeschter gouf, obwuel hie just déi véiert meeschte Stëmme krut, ma fënnef Sëtz goungen u seng Ekipp. Och wann deen Éischtgewielte Michel Deckenbrunnen an de Schäfferot agebonne gouf, ass d’Stëmmung awer ugespaant bliwwen. Am Fong war virgesinn, datt de Michel Deckenbrunnen de Poste vum Buergermeeschter no der Hallschent vun der Legislaturperiod iwwerhuele sollt. Den Henri Rinnen huet sech allerdéngs am Laf vun der Legislatur net méi un déi Ofmaachung gebonne gefillt. Hien huet dat mat de Votte vum Michel Deckenbrunnen an ëmstriddenen Dossiere begrënnt. De Schäffen ass eng Zäit drop aus dem Gemengerot zeréckgetrueden.

Fir vill Kaméidi huet nieft der genereller Bautepolitik virun allem de Projet vun engem Hotel um Séi zu Wäiswampech gesuergt. Wärend d’Majoritéit dësen als touristesch Plus-Value ugesäit, ass et vun der Oppositioun d’Kritik, datt den Terrain ze bëlleg un de belsche Grupp Lamy verpacht gi wier an den Hotel een negativen Afloss op d’Natur hätt. D’Diskussioun gouf am Laf vun der Zäit ëmmer méi hefteg gefouert, wéinst dem emotionale Protest vun engem Member vun der Oppositioun gouf esouguer zwee Mol d’Police a Sëtzunge vum Gemengerot geruff. Ma all Protest an och ee Referendum, an deem sech eng Majoritéit vun de Leit géint de Projet um Séi ausgeschwat huet, hunn net verhënnert, datt den Hotel no an no Form unhëlt. Dat huet wuel och derzou gefouert, datt den Toun an de Sëtzunge rëm méi roueg ginn ass. Well d’Stëmmung awer alles anescht wéi gutt an de finanzielle Spillraum vun der Gemeng extrem ageschränkt ass, wëllt awer bis op de Vincent Geiben, deen am Laf vun de Joren eng Partie Plaintë géint d’Gemeng eragereecht hat, vun deenen allerdéngs bis elo keng Succès hat, nach eng Kéier untrieden. Et bleift ofzewaarden, wéi vill Awunner vu Wäiswampech nom Theater aus de leschte Joren nach motivéiert si fir sech politesch ze engagéieren. Ze héieren ass, datt de President vun der Biergerinitiativ, déi sech zanter e puer Joer géint den Hotelsprojet um Séi wiert, untriede wëllt.