D'Partei vum Premier Xavier Bettel weist sech kämpferesch. Bei deene villen Ambassadeure vum liberale Gedanke géif een eng Opbrochstëmmung spieren.

"D'DP ass no bei Dir!" Dat hu souwuel de Parteipresident Lex Delles, wéi och d’Generalsekretärin Carole Hartmann an hire Rieden ënnerstrach. Dat wier kee gudde Virsaz fir dëst Joer, mä e Verspriechen, en Usproch an eng Motivatioun.

Déi Liberal wëllen d'Leit mobiliséieren, souwuel fir d'Gemengewale wéi och fir Chamberwalen am Hierscht.

A Krisenzäite misst ee Verantwortung iwwerhuelen, dat géif d'DP maachen. Dat hätte si och schonn an der Tripartite an de sëllege Krisemesurë gewisen.

Aner Parteie wiere schonn an de Walkampf iwwergaangen, dat hätt sech an de leschten Deeg gewisen, sot de Lex Delles a senger Ried. D'DP wéilt sech awer net dorop aloossen, mee och an den nächste Méint Solutioune liwweren.

An der Familljepolitik an an der Educatioun hätt een dat och scho gewisen. Beispill Hausaufgabenhëllef, gratis Kannerbetreiung an de Maison-relaisen a gratis Schoulbicher.

Allerdéngs war et de Premier Xavier Bettel selwer, deen am RTL-Neijoerschinterview de Walkampf lassgetrëppelt hat. Nodeem hie sot, hie géif hoffen, datt d’Regierungsparteien net an d’Walstëmmung verfale géifen, hat de Regierungschef am Interview sech onopgefuerdert a vehement géint eng Reduzéierung vun der Aarbechtszäit ausgeschwat. E Sujet, dee grad dem Koalitiounspartner LSAP um Häerz läit. Doropshi war et an de leschten 10 Deeg zu Geplänkels bannent de Regierungsparteie komm. De grénge Logementsminister Henri Kox war wéinst dem Bail-à-Loyer Gesetzesprojet an d’Viséier vun der LSAP geroden. D'DP wier fir eng flexibel Aarbechtszäit iwwer d’Joer gekuckt, awer net fir eng generell Reduzéierung vun der Aarbechtszäit, esou de Lex Delles. Dat wier de richtege Wee, net eng Aarbechtszäitverkierzung.

De Premier Xavier Bettel huet d'Verdéngschter vu senge liberale Ministeren opgezielt an anengems u schwiereg Joren a schwiereg Tripartitten erënnert, wou een et um Enn fäerdeg bruecht hätt, dem Bierger ze hëllefen ouni d'Wirtschaft futti ze maachen. An um Enn d'Verspriechen, sech dofir z'engagéieren, datt jiddereen am Liewen eng Chance op Erfolleg huet.

"Ech sinn net de Premierminister vun engem Land, wou ech gären de Leit eng Couche gi fir drop ze pennen. Ech si gären de Premierminister vun engem Land, wou een en Trampolin kritt fir drop ze sprangen a méi héich ze kommen a wou een houfreg ass iwwert seng Resultater."

D'DP wëll sech déi nächst Méint an der Regierung weider op Defie vun der Energiekris, der Inflatioun an dem Logement konzentréieren.

DP Neijoerschreceptioun / Reportage Dany Rasque
RTL