En Dënschdeg gouf den Traité gestëmmt, mat deem de Grand-Duché an d'Belsch offiziell d'Erlabnis fir d'Exploitatioun vun der Airbus A400M-Flott ginn.

De Gesetzprojet 7979 gouf mat  58-Jo-Stëmmen an zwou Nee-Stëmme vun déi Lénk ugeholl.

Schonn 2005 war jo d'Finanzéierungsgesetz gestëmmt ginn, fir 1 vun am Ganzen 8 Fligeren ze kafen. Mëttlerweil wier den Airbus A400M reegelméisseg am Asaz. Dat hätt gewisen, dass et déi richteg Decisioun war, fir dëse Fliger ze kafen, sou d'Rapportrice vum Gesetzprojet Stéphanie Empain. Et hätt een domat och eng sënnvoll Contributioun souwuel an der europäescher wéi och an der trans-atlantescher Sécherheetsstruktur geleescht. Mam Airbus géinge virun allem Transport-Missioune geflu ginn am Kader vu Friddens- oder humanitären Asätz.

De Gesetzprojet deen en Dënschdeg gestëmmt gouf, géing elo virun allem d'Modalitéite vun der Belsch-Lëtzebuerger Zesummenaarbecht am Detail reegelen zum Beispill d'Logistik, d'Formatioun, d'Ëmsetzung vum Fluch-Programm, awer och eventuell Modifikatiounen, déi eng Kéier missten un de Fligere gemaach ginn. Allgemeng géing een doduerch vum belschen Knowhow profitéieren, sou d'Stéphanie Empain.

Als Rappell och de Lëtzebuerger Fliger gëtt vum belsche Melsbroek aus operéiert.