Trotz juristescher Onsécherheet wäert de Remboursement vun der Psychotherapie den 1. Februar a Kraaft trieden.

Dat sot den LSAP-Sozialminister Claude Haagen en Dënschdeg de Mëtten um RTL-Mikro. De Staatsrot hat a sengem Avis festgestallt, datt d'groussherzoglecht Reglement vum Minister keng gesetzlech Basis hätt an domat géint d'Verfassung verstousse géing.

Remboursement vun der Psychotherapie vum 1. Februar un / Fanny Kinsch

Dat well d'Reglement d'Gesetz op dat sech baséiert gëtt, den Artikel 64 vum Code vun der securité sociale, depasséiert. Dem Sozialminister säi Projet hätt domat keng legal Basis a wier net am Aklang mat der Verfassung. Et wier ee sech där Problematik am Ministère bewosst gewiescht, sou de Minister:
"Hei ass et am Fong esou, datt déi lettre cle, déi sech aus dem Tarif zesummesetzt, mat engem Koeffizient net an deem Artikel 64 steet vum Code vun der securité sociale, sou datt deen Artikel wäert, an dat hunn ech jo ëmmer gesot, dann nei opgestallt ginn, sou datt mer do dat wäerten integréieren an dat wäerte mer relativ séier maachen. Et ass awer och esou, datt de Reglement awer a Kraaft triet, dat heescht dee wäert muer ënnerschriwwe ginn, och de Grand-Duc ënnerschreift deen, an da geet en an d'Publikatioun an da wäert de Remboursement vun den Tariffer vum 1. Februar u lafen."

Den Tarif fir eng Psychotherapie-Seance gëtt am Réglement grand-ducal op 144 Euro festgeluecht. Fir Jonker gëtt dat komplett rembourséiert, fir déi aner zum Deel. Datt et wéinst der juristescher Onsécherheet zu Problemer kéint komme bezweiwelt de Claude Haagen:

"Ech gesinn elo net direkt, wien dogéint géif kloen, d'autant plus, datt mer jo dann de Code vun der securité sociale esou adaptéieren, datt e verfassungskonform ass wa mer rëm eng Kéier an esou eng Situatioun kéimen. Et ass déi éischte Kéier, datt mer an esou enger Situatioun sinn wéi mer se elo hunn, wat mech haaptsächlech interesséiert ass, datt d'Assuréen an de Genoss vum Remboursement kommen."

D'Federatioun vun de Psychotherapeute wäert sech dem groussherzogleche Reglement op alle Fall net widdersetzen - och wann een net iwwerrascht wier vum Avis vum Staatsrot, sou d'Fapsylux-Presidentin Catherine Richard:

"Am Gesamtpackage si mer am Endeffekt wierklech ganz zefridden, et geet haaptsächlech ëm d'Patienten, den Tarif ass eppes wat eis betrëfft, mir kënnen domat liewen, mä mat der Aart a Weis, dat hu mer och dem Staatsrot gesot, mat der Aart a Weis ware mer net d'Accord wéi et dozou komm ass, mä am Endeffekt am Gesamtpackage hu mer awer wierklech vill Saache fir d'Patienten erreecht."

Et géing een och mierken, datt d'Patienten drop waarden. 5 Joer laang hunn d'Fapsylux an d'CNS iwwert de Remboursement vun der Psychotherapie verhandelt, bis de Minister duerchgegraff huet .Déi Delaie sollen an Zukunft gekierzt ginn, sou de Sozialminister Claude Haagen.