Feier zu Keel op NiklosdagFamill vum verstuerwene Jong huet nach ëmmer keng fest Wunneng

Christophe Hochard
De 6. Dezember zejoert koum et zu Keel an der Rue du Commerce zu engem schroen Hausbrand. Hei koum e klenge Bouf vu sechs Joer ëm d'Liewen.
Famill vum verstuerwene Jong nach ëmmer keng fest Wunneng
Op Niklosdag 2022 koum et zu Keel zu engem schroen Hausbrand. E klenge Bouf vu sechs Joer koum ëm d’Liewen.

Sechs Familljen hunn an dësem Haus gelieft, insgesamt 22 Persounen. RTL-Informatiounen no hätt awer nach eng weider Persoun do gewunnt, déi net ugemellt war. Vun de sechs Familljen hunn mëttlerweil der véier eng nei Wunneng fonnt, an där si bleiwe kënnen. Zwou Familljen - am ganzen néng Leit - sinn nach op der Sich. Dozou gehéiert och déi Famill, déi hiert sechs Joer alt Kand am schroe Feier verluer huet.

An der Gemeng Keel/Téiteng hunn d’Awunner Sue fir déi sinistréiert Famillje gesammelt. 70.000 Euro koumen esou zesummen, déi gläichméisseg op d’Familljen opgedeelt goufen.

Back to Top
CIM LOGO