No Corona boomt d'Reesgeschäft nees an dat dreift d'Präisser natierlech an d'Luucht.
D'Leit wëlle verreesen, sichen no gënschtegen Hoteller a ginn dobäi ëmmer méi dacks ugeschmiert. Ma esouguer 5-Stären-Hoteller kennen do deels keng Skrupel méi. Mä wéi kann een esou ee Gedeessems ëmgoen? Op wat muss een als Verbraucher oppassen?
Vill Hoteller bauen op den Internet, fir déi maximal Opmierksamkeet ze kréien. Ma fir ganz uewen ugewisen ze ginn, gëtt probéiert, de Präis e sou niddreg wéi méiglech ze halen. Net ouni Gefuddels.
Wéi dat geet? Mir hu beim Christoph Neisius vum Europäesche Verbraucherschutz Lëtzebuerg nogefrot.
"D'Hoteller benotzen Tricken, dass si versichen de bëllegste Präis ugewisen ze kréien. Dat heescht, do ginn u sech Leeschtungen, déi normalerweis inclus sinn oder et fréier waren, wéi de Kaffi oder aner Saachen, ewech gelooss, fir esou eben e méiglechst bëllege Präis z'erzilen an domat an diverse Sichmaschinne méiglechst wäit uewen ugefouert ze ginn."
A wéi kann ee sech beschtméiglechst informéieren a virbereeden, datt een och wierklech dat kritt, wat ee sech erwaart?
"Oppasse sollt een definitiv, wat an der entspriechender Reservatioun mat dobäi ass. Ass de Kaffi moies am Präis mat dran? Sinn aner Leeschtungen wéi Wifi etc... ass dat mat dran oder muss dofir extra bezuelt ginn? Dat misst u sech aus der Beschreiwung dann direkt ervirgoen."
Ma wann dann awer iergendeppes net klappe sollt, wéi ee sech dat virstellt, soll een de Problem ëmmer fir d'éischt beim Hotel selwer uschwätzen. Dacks kënnt et vir, datt ee gesot kritt, sech un de Reesbüro oder un d'Internetplattform, op där ee gebucht huet, wenne soll. Dat ass awer falsch, esou de Christoph Neisius. De Kontrakt ass nämlech tëscht dem Hotel an dem Verbraucher, an dofir ass den Hotel verflicht, sech ëm de Problem ze këmmeren. Dacks steet an de Beschreiwungen och den Zousaz "bei Verfügbarkeet" dobäi, wann et zum Beispill drëms geet, méi spéit auszechecken. Och hei muss ee virsiichteg sinn.
"Wann elo den Hotel tatsächlech keng Verfügbarkeet fir e 'Late Check Out' huet, respektiv wierklech all d'Zëmmeren ausgebucht sinn, kann ee relativ wéineg maachen. Wann dat awer en Trick ass, fir de Client unzelackelen an den Hotel dësen 'Late Check Out' einfach net zur Verfügung stelle wëll, obschonn et genuch fräi Zëmmere gëtt, da sollt ee sech vläicht fir d'éischt emol un den Hotel wennen a sech do beschwéieren. Wann dat net klappt, sollt ee vläicht probéieren, iergendwéi Beweiser ze sammelen, dat heescht Fotoe maachen. An da kann ee sech natierlech och gär un eis wennen, wann et en Hotel an der EU, Norwegen, Island oder England ass".
Wann ee seng Rees um Internet, respektiv mat enger App, bucht a skeptesch bei de Beschreiwungen ass, schued et och net, eng Kéier beim Hotel selwer unzeruffen, fir sech z'informéieren. Esou kann ee spéider Enttäuschungen aus dem Wee goen.