D’WHO huet eng Analys zur Iwwerstierflechkeet an de Joren 2020/2021 an der Zäitschrëft Nature verëffentlecht. Zu Lëtzebuerg gouf et déi niddregst.

De Prof. Dr. Ulf Nehrbass, Direkter vum LIH,  schwätzt vun enger fundéierter Etüd, déi sech mat de Resultater vun der Lëtzebuerger Fuerschung deckt.

Ulf Nehrbass Serologie

Bei de serologeschen Tester, de Blutttester op Antikierper, gouf de 15. Januar 2021 zu Lëtzebuerg e Wäert vu 7,7 Prozent ermëttelt. Deemno waren deen Ament knapp 8 Prozent vun der Populatioun am Kontakt mam Virus. An anere Länner war den Taux méi héich, an der Belsch beispillsweis bei 15,6 Prozent. Manner Infektiounen hätten zu manner Doudesfäll gefouert.

Wéi kann een den Taux fir Lëtzebuerg erklären?

Iwwerall an Europa gouf eng Iwwerstierflechkeet gemooss, dat heescht, et si méi Mënsche wärend der Pandemie gestuerwen, wei an de Jore virdrun. Fir de Prof. Dr. Paul Wilmes vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine vun der Uni Lëtzebuerg ass de Large Scale Testing an den domat verbonnenen Tracing ee vun de Facteuren, deen erkläert, wisou Lëtzebuerg besser duerch d'Pandemie komm ass, wéi aner Länner.

Paul Wilmes Large Scale Testing an Tracing

Hei dierft een och net vergiessen, datt insgesamt iwwert d'Dauer vun der Pandemie d'Mesuren zu Lëtzebuerg manner streng waren, wéi beispillsweis an de Nopeschlänner. D'Kanner zu Lëtzebuerg si méi an d'Schoul gaangen, d'Restaurante ware méi op, an och aner Mesurë wiere manner streng gewiescht, esou déi zwee fréier Spriecher vun der Corona-Task-Force.

Ulf Nehrbass iwwer Roll vu Populatioun
RTL

© Pierre Weimerskirch

Wat kann ee fir eng nächst Pandemie zréckbehalen?

Villes vun dem, wat een elo wärend der Pandemie gemaach hätt, kéint ee bei enger nächster notzen, fir méi séier a geziilt Mesuren ëmzesetzen, esou den Ulf Nehrbass. Fir de Paul Wilmes hätt een elo eng Zort Plang am Tirang, falls an eiser Liewenszäit nach emol esou eng Situatioun antrëfft.

Paul Wilmes Léiere fir d'Zukunft