Ee vu sechs Moslemen huet uginn, 2021 Diskriminatioun erlieft ze hunn
Islamophobie bleift en Thema zu Lëtzebuerg, och wann d'Mosleme sech hei am Land manner diskriminéiert fille wéi am Ausland.
Dat geet aus dem Rapport vum Observatoire de l'Islamophobie fir d'Joren 2020 an 2021 ervir. Frae ginn nach ëmmer méi dacks Affer vun Islamophobie wéi Männer. Ee vu sechs Moslemen huet uginn, 2021 wéinst senger Relioun diskriminéiert ginn ze sinn an ee vu fënnef war an deem Joer Zeie vun Islamophobie. Dat war eng Baisse vun 9 Prozent par Rapport zu 2020, allerdéngs hätt een an deem Joer och erschreckend vill Fäll gemellt kritt, seet de Jasmin Jahic, President vum Observatoire de l'Islamophobie: "Dat ass warscheinlech och wéinst der Pandemie. Do waren d'Leit vill doheem, vill um Internet an do hu mer de Phänomen vu Cyber-Islamophobie ganz gutt gemierkt. An dat hu mer och bei Kolleegen, déi zoustänneg sinn fir aner Zorte vun Diskriminatioun, zum Beispill Rassismus, Antisemitismus."
Positiv wier awer, datt ëmmer méi Affer sech géinge mellen. Et géing een och nach ëmmer gesinn, datt Mosleme sech zu Lëtzebuerg gutt integréiert fillen.