Et soll net just op fest Prisongsstrofe gesat ginn

© RTL-Archivbild
An enger Interpellatioun goung et e Mëttwoch an der Chamber ëm d'Prisongswiesen zu Lëtzebuerg.
"Wéi wëlle mir als Gesellschaft mat deene Mënschen ëmgoen, déi ee Feeler gemaach hunn a mam Gesetz a Konflikt gerode sinn?", déi Fro huet den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana e Mëttwochmoien am Ufank vun enger Interpellatioun an der Chamber iwwer d'Prisongswiesen zu Lëtzebuerg gestallt. Am Kär goung et dorëms, ob den aktuelle System nach zäitgeméiss ass oder ob méi op Alternativen zum feste Prisong gesat soll ginn.
Zil vun enger Prisongsstrof misst engersäits sinn, datt déi Betraffe se spieren an esou hir Schold begläichen, anerersäits awer och, datt se doraus léieren, sech änneren an erëm an d'Gesellschaft integréiere kënnen, esou den Initiator vun der Interpellatioun Dan Biancalana. Aktuell géinge 760 Leit zu Lëtzebuerg am Prisong sëtzen, dat bei enger Kapazitéit vu gutt 1.000 Plazen. Ee Prisonéier géing de Staat eng 440 Euro den Dag, also eng 160.000 Euro d'Joer, kaschten.
"Fir dat selwecht Geld kéint ee sécherlech aner Invester maachen, an Ausbildung, an Therapie respektiv aner Alternativen. D'Etüde weisen, datt déi alternativ Mesurë méi bëlleg sinn, och do leien Zuele vum Europarot vir, sinn dofir manner rezidiv, wa se och uerdentlech encadréiert ginn."
Den Dan Biancalana huet och kritiséiert, datt ronn d'Hallschent vun de Prisonéier an Untersuchungshaft sëtzt. Dëst wier à priori net schlecht, zum Beispill wa Fluchtgefor besteet, dierft awer net zur Reegel ginn. Hien huet dann eng Motioun an d'Sam Tanson vun deene Gréngen eng Proposition de loi eragereecht, déi eng Limitatioun vun der Untersuchungshaft virgesinn.
"Ech proposéieren, wéi et och a Frankräich de Fall ass, d'Détention préventive ze limitéieren. A menger Propos gestaffelt, jee nodeems wéi eng Infraktioun begaange gouf, op véier Méint bis zu maximal zwee Joer a véier Méint en fonction vun der Gravitéit vun de Faiten an och vun de Circonstancen, déi déi Situatioun ëmginn, notamment och d'Sécherheet vun de Leit an de Bienen, déi kënnen afléisse bei ganz graven Infraktiounen."
D'Motioun vun der LSAP gouf awer net ugeholl. D'Justizministesch Elisabeth Margue schwätzt sech zwar och dofir aus, datt d'Untersuchungshaft net méi laang wéi onbedéngt néideg soll sinn, gesäit awer keng Noutwennegkeet fir eng gesetzlech Limitatioun vun der Dauer: "Déi ganz grouss Majoritéit vun de Prévenuen, déi an der Détention préventive sinn, ass awer manner wéi ee Joer an der Détention préventive. Dat heescht, mir mussen och kucken, datt mer sou séier wéi méiglech Urteeler kréien, dat ass och schonn hei ugeklongen. An dës Weideren ass et, wat déi Présomption automatique ugeet, fir de Risque de fuite, ech hu selwer als Affekot verschidde penal Affäre gemaach, do freet ee reegelméisseg eng Mise en liberté provisoire, déi steet engem och ëmmer zou."
De Guy Arendt vun der DP huet betount, datt de Bau vun ëmmer neie Prisongen net d'Léisung kéint sinn. Déi elektronesch Iwwerwaachung kéint do eng Alternativ duerstellen. Dës misst weider ausgebaut an et missten zousätzlech Brasselien ugeschaaft ginn.
D'CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert huet hirersäits dorobber higewisen, datt d'Reintegratioun an d'Gesellschaft wesentlech dovunner ofhänke géing, ob een no der Zäit am Prisong een Daach iwwert dem Kapp fënnt.
"Wéinst der prekärer Logementssituatioun am Land froe Leit zum Deel, fir fräiwëlleg méi laang zu Giwenech ze bleiwen, fir net op der Strooss ze landen. An hei gouf 2021 ee Pilotprojet an d'Liewe geruff, fir eng sozioedukativ Begleedung vun deenen, déi fräigelooss ginn awer zum Zäitpunkt vun der Fräiloossung nach keng Wunneng hunn."
Den Dan Hardy vun der ADR huet iwwerdeems d'Méiglechkeet an d'Spill bruecht, datt Leit, déi zu Lëtzebuerg verurteelt ginn awer net hei wunnen, wat aktuell op ronn d'Hallschent vun de Prisonéier zoutreffe géing, d'Strof an hirem Heemechtsland sollen ofsëtze kënnen. De Marc Baum vun deene Lénken huet d'Bedeitung vun der Aarbecht am Prisong ënnerstrach a gefuerdert, datt d'Prisonéier dofir och ee korrekte Loun kréien a sozial verséchert solle sinn.
D'Justizministesch Elisabeth Margue huet dat net zeréckgewisen, mee gesäit awer nach Problemer: "Wann s de géings Cotisatioune bezuelen, da misst de déi op de Mindestloun rechnen, et ass awer sou, datt d'Prisonéier oft ganz onreegelméisseg schaffen an och keng 40 Stonnen a wa se een Dag net schaffe ginn, dann huet dat an deem Sënn keng Konsequenzen. Do ass och rëm d'Schwieregkeet, datt eng Rei Leit net zu Lëtzebuerg wunnen."
D'Justizministesch huet dann nach annoncéiert, datt an d'Zukunft eng Partie Donnéeë vun de Prisonéier vun Ufank un digital erfaasst solle ginn, fir esou besser Statistiken ze erméiglechen. Et géing och weider un engem Projet de loi fir den Ausbau vum Prisong zu Schraasseg geschafft ginn, eng Zäitschinn konnt si awer net ginn.
Eng Kritik, déi wärend der Interpellatioun quasi iwwert all d'Parteigrenzen ewech gemaach gouf, war déi, datt relativ wéineg Strofen op Sursis ausgesprach ginn.
D'Justizministesch huet dann nach gesot, datt een nach op den Avis vum Staatsrot zu engem Règlement grand-ducal waart, dee virgesäit, d'Paie vum Personal, dat an de Prisonge schafft, an d'Luucht ze setzen.