Weltwäit schaffen an der Fuerschung manner wéi 30 Prozent Fraen, dat geet aus Zuele vun der UNESCO ervir.

Eppes Neies entdecken oder wëssenschaftlech Phenomener besser verstoen, dat sinn d'Grënn, déi d'Catherine Sedrani an d'Mara Lucchetti scho fréi fir d'Fuerschung begeeschtert hunn.

Weltwäit schaffen an der Fuerschung vill manner Fraen wéi Männer, sou d'Zuele vun der UNESCO. Um Belval hu mer zwou jonk Fuerscherinne getraff a mat hinnen iwwert hir Aarbecht geschwat.

Catherine SEDRANI
Kamera Laurent Weber

 

Mara LUCCHETTI
Kamera Laurent Weber

Internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft

Dësen Dag gouf den 22. Dezember 2015 op der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen decidéiert. All 11. Februar soll un d'Roll vun de Fraen an der Wëssenschaft an der Technologie erënnert ginn.

Och zu Lëtzebuerg schaffe vill méi Männer an der Fuerschung, laut Zuelen déi Eurosat 2021 publizéiert huet war den Undeel u Fraen bei knapp 35 Prozent.