D'Prinzessin Marie-Gabrielle ass dout

© Nadine FABER / Cour Grand-Ducale
D'Prinzessin Marie-Gabrielle gouf den 2. August 1925 zu Colmer-Bierg gebuer.
Wéi de groussherzoglechen Haff e Freideg an engem Schreiwes matdeelt, ass Si am Alter vu 97 Joer gestuerwen.
D'Duechter vum Prënz Felix an der Grande-Duchesse Charlotte war d'Schwëster vum Grand-Duc Jean an d'Giedel vum Groussherzog Henri. Si war mam Grof Knud vun Holstein-Ledreborg bestuet. Hire Mann war ewell 2001 verstuerwen. Zesummen hate si 7 Duechteren.
D'Prinzessin Marie-Gabrielle koum den 2. August 1925 am Schlass zu Colmer-Bierg op d'Welt. Si war dat véiert Kand vun der Grande-Duchesse Charlotte an dem Prënz Felix. Mat der Prinzessin Marie-Gabrielle ass dat lescht vum Grand-Duc Jean senge 5 Geschwëster verscheet.
Ee vun de markanten Amenter vun der jonker Prinzessin war 1940, wéi d'groussherzoglech Familljen huet missten an den Exil goen. No hirem Retour am Grand-Duché war d'Prinzessin Marie-Gabrielle eng Schülerin vum Sculpteur Auguste Trémont.
Wéi et e Méindeg vum Haff geheescht huet, wäert d'Prinzessin Marie-Gabrielle um 11 Auer e Samschdeg den 18. Februar um Schlass Ledreborg an der Géigend vu Kopenhagen begruewe ginn.