Reaktiounen op d'Nouvelle vun enger méiglecher Dräierkoalitioun

© Domingos Oliveira / RTL
No der Demissioun e Mëttwoch vun der Conter Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet stinn an der Gemeng e puer cocasse Wochen un, op d'mannst politesch.
Mam Yves Loose vun der CSV bleift just nach ee vun dräi Membere vun der CSV-LSAP-Majortéit offiziell am Schäfferot. D‘Marion Zovilé-Braquet mécht wuel als Interim weider. D‘Stéphanie Ansay vun der LSAP hätt hir Aarbecht no hirer Demissioun aus dem Schäfferot net weidergefouert, esou d‘Kritik vun der lokaler CSV. Den Yves Loose huet net demissionéiert, ass sech awer bewosst, dass seng Zäit am Schäfferot héchstwarscheinlech och geschwënn eriwwer ass.
"Dat ass mir sécherlech bewosst, an awer maachen ech meng Aarbecht. Ech sinn dofir genannt, ech hunn en Eed geleescht. Ech drécke mech net virun der Aarbecht. Ech hu schonn um Gemenge-Budget geschafft, ier déi Decisioun vun der Madame Zovilé geholl a verbreet gouf. Ech hu gëschter nom Gemengerot direkt mam Responsabele vum Service vun de Finanzen, dee selwer present war, geschwat an him gesot, dass d‘Reuniounen d‘nächst Woch wuel bäibehale ginn. Ech drécke mech net virun der Aarbecht, déi meng ass."
Och vis-à-vis vun de Conter Bierger an dem Gemengepersonal hätt hien eng grouss Responsabilitéit, seet de Staatsbeamten Yves Loose. De Budget vun der aktueller Koalitioun wäert am Dezember net gestëmmt ginn. Eng Dräierkoalitioun vun DP, LSAP an déi Gréng ass scho prett, fir d‘Rudder z‘iwwerhuelen. Den Dali Zhu war 2023 Éischtgewielten op der DP-Lëscht, hie gëtt als nächste Buergermeeschter gehandelt:
"Et ass jo kee Geheimnis, dass mir an de leschte Woche mat deene Rouden an deene Grénge schwätzen, an dass mir Sondéierungsgespréicher féieren. Mir komme lues a lues zu engem Accord. Op enger mënschlecher Basis gi mir ganz gutt eens. Mir si ganz zouversiichtlech, dass mir e Koalitiounsvertrag op d‘Been stellen. De Budget, deen da vun der CSV wäert kommen, wäert deementspriechend net gestëmmt ginn, jo."
Déi nei Koalitioun, déi op eng knapps Majoritéit vu sechs Sëtz kéim, géif parallel un engem alternative Budget schaffen, fir nom Vott am Dezember net vill Zäit ze verléieren. Bis Allerhellege soll schonn den neie Koalitiounsaccord stoen, esou den Dali Zhu, dee Patron vun e puer gastronomesche Betriber ass.
Den CSV-Schäffen Yves Loose huet sech iwwerdeems erstaunt gewisen, dass vun den anere Parteie mat him kee geschwat gehat hätt, en Vue vun enger neier Koalitioun zu Conter.