Ongläichheeten zu Lëtzebuerg weider op ganz héijem Niveau

© RTL Archiv
"Et ginn nach ëmmer vill Inegalitéiten an eisem räichen Land. D’Situatioun ass a bleift beonrouegend”, seet d'Nora Back.
Si ass d’Presidentin vun der Chambre des salariés, a sot dëst en Donneschdeg de Moie bei der Presentatioun vum "Panorama social".
D’Ongläichheeten zu Lëtzebuerg wiere weider op ganz héijem Niveau. Den Taux vun de “working poor” zum Beispill wier den héchsten an der Eurozon. Ma och de Chômagetaux wier nach ëmmer extrem héich, an dat virun allem bei de Jonken tëscht 15 an 24 Joer. Den Aarmutsrisiko am Grand-Duché louch 2024 bei 18%.
D’Salariatskummer fuerdert ënnert anerem eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun, mä och beim Kannergeld a beim Logement misst politesch agéiert gi fir den Inegalitéiten entgéint ze wierken. Et bedauert een donieft, datt de Plang géint d’Aarmut nach ëmmer net virläit.