De Motto vun der semaine du logement an der LuxExpo ass "hëllefen, informéieren a guidéieren". Se dauert bis e Sonndeg.

Home Expo a Logementswoch an de Foireshalen

An der LuxExpo ass d'Home Expo, respektiv d’Logementswoch. Zanter en Donneschdeg a bis e Sonndeg kann een eng 200 Stänn an de Foireshalen um Kierchbierg besichen. Fir d’Ouverture ware nach net all ze vill Grand Public do, mee vill Leit aus dem Secteur am breede Sënn a Politiker, dorënner de Logements- an Amenagementsminister Claude Meisch.
 
Op de Stänn fënnt ee Banquieren, privat oder ëffentlechen Entwéckler, Architekten, Ingenieuren oder nach Leit vun der Steierverwaltung. U sech bal alles wat ee brauch, fir sech eng Wunneng ze kafen. Virausgesat et huet een dat néideg Geld.
 
Deier well d’Konstruktioun dauert
 
De Claude Reiter, Direktiounsmember vun Arendt a Fischbach, engem vun de gréisste Promoteuren oder Entwéckler a Baulandbesëtzer hei am Land, ass zouversiichtlech, datt Clienten eppes kënne fannen, wa se nees Vertrauen hätten an d’Banke matspillen. D’Roll vun den Entwéckler wier d’Keefer "an hirem Choix ze stäerken".
 
Mam Präis kéinte si awer net méi vill erof: "Et muss een ëmmer gesinn, datt déi Terraine kaaft gi sinn en vue vun enger Konstruktioun, an dat dauert". Dat wier ee vun de Problemer, well si selwer den Terrain zum prix de revient misste verkafen. Et wier nach ëmmer deier, mee näischt verdénge geet jo och net, "soss ass jo kee méi do, dee baut".
 
Nei Weeër "mat der gudder Lëtzebuerger Eegenschaft"
 
Wann et net den deieren Terrain ass, da kommen nach politesch Parameter, déi de Präis an d’Luucht drécken. De Claude Reiter huet den Energiepass genannt, d’Accessibilitéitsreegele fir Appartementer oder nach d’Bebauungspläng vun de Gemengen, déi bestëmmen, ewéi vill a wéi dicht ka gebaut ginn.

Wa méi dicht gebaut gëtt, ginn d'Wunnenge méi bëlleg. De Claude Reiter sot et esou: "Et läit an der Logik vun der Saach, well mir hunn ëmmer eng Quote-part Terrain, dee mer mat musse verkafen. Wa mir eng Quote-part op 10 Wunnenge mussen opdeelen, da sinn déi Appartementer méi deier ewéi wa mir 20 Wunnenge kënne bauen."
 
Den Direktiounsmember vun Arendt a Fischbach ass net der Meenung, datt de Perimeter misst erweidert ginn, well am Perimeter nach Potential wier. Genee ewéi de Logementsminister mengt hien, datt een do, wou et Sënn mécht, méi Wunnraum ze schafen, nämlech an den Agglomeratiounen.
 
De Claude Meisch sot, a sengen Ae kéint een net méi zeréck an déi Zäit vu virun 2022, also virun der Hausse vun de Präisser an du vun den Zënsen. "Vläicht ware mer e bësse vill verwinnt", esou de Minister. Et misst een elo "mat der gudder Lëtzebuerger Eegenschaft selwer oprappen" an nei Weeër sichen. Dorënner, datt de Staat Projeten um Plang keeft. De Plaffong, deen de Staat bereet wier, ze bezuelen, géing un déi lokal Realitéiten no uewen ugepasst ginn, huet hie widderholl.