
© RTL
Eng Etüd am Optrag vum Nohaltegkeetsrot huet eng méi differenzéiert Rechnung vum ekologesche Foussofdrock zu Lëtzebuerg gemaach.
Dat andeems déi Lëtzebuerger Spezifizitéiten an d'Berechnunge mat afléisse gelooss goufen. D'Resultat ass däitlech: Wa jiddereen esouvill Ressource verbrauche géif, wéi den Duerchschnëttlslëtzebuerger, géife mir 6,8 Äerde brauchen. Dat sinn der zwar manner, wéi déi 8 mat deenen de Global Footprint Network rechent, ma de Message bleift dee selwechten: Lëtzebuerg misst gréisser Efforte maachen, fir säin ekologesche Foussofdrock ze reduzéieren, am beschte Fall op just nach ee Planéit.
Op Basis vun den Donnéeën aus der Etude an op Zuele vun 2018 vum STATEC konnt den Nohaltegkeetsrot 3 gréisser Beräicher identifizéieren, déi zum ekologesche Foussofdrock zu Lëtzebuerg bäidroen. Dat ass ënner anerem d'Alimentatioun. Mat klengen Decisioune kéint een hei e groussen Ënnerscheed maachen, seet de Patrick Losch vum Nohaltegkeetsrot.
"Dat ass eng Kéier manner Fleesch iessen an awer dobäi och oppassen, well een Element hunn mer hei nach net erwäänt, dat ass dee vun der Biodiversitéit. Do ass schonn d'Verantwortung vun eis alleguer, dorop hinzeweisen an ze probéieren, Produiten ze kafen, déi hiergestallt goufen op enger naturnoer a respektabeler Produktioun, déi eben d'Biodiversitéit erlaabt, well d'Biodiversitéit ass extrem wichteg fir d'Zukunft."
Och den Energieverbrauch vun de Stéit huet e gréisseren Afloss op de Foussofdrock. Mat gréisseren Investissementer wéi zum Beispill a Wärmepompelen a Photovoltaik kéint ee vill bewierken.
Iwwerdeems spillt d'Mobilitéit respektiv de Verbrauch vun Diesel a Bensinn eng Roll. Nieft Elektroautoe war hei och Ried vum Waasserstoff fir Gefierer, déi méi grouss Distanze fuere mussen.
Am Hibléck op den Overshoot Day, deen d'nächst Woch zu Lëtzebuerg erreecht géing ginn, wier et dem Nohaltegkeetsrot no eng gutt Geleeënheet, fir de Lëtzebuerger Model ze iwwerdenken. Donieft huet de Romain Poulles, President vum Nohaltegkeetsrot, nach aner Virschléi.
"Dat anescht ass z.B. deelen, also aner Modeller, de Mënsch kann och d'Saache just flécke loossen oder léinen, fir just ee Moment an deem en et brauch. Dat muss sech d'Wirtschaft och upassen un aner Modeller. Dat drëtt ass eben nëmmen erneierbar, bei den Energien ass dat einfach ze verstoen, mä bei de Produits manufacturés ass et kloer, dass mer permanent mussen am Zyklus schaffen."
Am grousse Ganze sollt Lëtzebuerg mat engem gudde Beispill virgoen, net nëmme wann et ëm Mesure géint de Klimawandel geet, ma och wann et drëms goe géif als Gesellschaft Verantwortung ze iwwerhuelen.