Mat der Karbidsluucht duerch d'Vergaangenheet
Vun 1900 bis ugangs de 50er huet d'Karbidsluucht de Mineure vill gehollef. Sou och an der Minn zu Rëmeleng.
Mat der Karbidsluucht en Tour duerch d'Vergaangenheet maachen an dobäi nach esou munches aus der Zäit vun de Minnenaarbechter gewuer ginn. Dat ass um Sonndeg 23.November méiglech. Nomëttes um zwou, um dräi an um véier Auer kann een zesumme mat engem Guide duerch d'Minn "Walert" spadséieren.
Vun 1898 bis 1963 gouf Eisenäerz zu Rëmeleng ofgebaut. Tëscht 60 a 70 Aarbechter hunn hei ënner dacks ganz schwierege Konditioune geschafft. Bis zu zwielef Stonnen, sechs Deeg an der Woch. Hiert Geschier hu si sech selwer misse kafen a bezuelen. Also och d'Karbidsluucht.
Rendez-vous um Sonndeg virun der Entrée vun der Rëmelenger Minn.