Mam Unhänger direkt bis bei d'Schoulen
2015 gouf den Atelier vun der Association des ingénieurs et scientifiques du Luxembourg gegrënnt. Elo gëtt e mobil.
Bis elo si si ëmmer a Schoulen oder Lycéeë gaange fir de Kanner d'Wëssenschaften an Technik méi no ze bréngen. Zanter dëser Woch hunn si awer hire mobillen Atelier. Mam Unhänger kënne si elo bis virun d'Schoule fueren an d'Atelieren direkt doranner maachen.
Aus enger Biicht, puer Kabelen an enger Batterie hunn d'Schüler aus dem véierte Schouljoer a puer Stonnen eng Putzmaus zesummen gebaut. Op spilleresch a witzeg Aart a Wéis kréien d'Kanner hei d'Matière méi no bruecht. Iwwert d'Putzmaus sollen d'Schüler d'Theorie vun de Vibratiounen léieren.
Mam neie Bus ass et méi einfach ginn d’Ateliere mat de Primärschoulen ze plangen. Am Unhänger kënne bis zu 18 Schüler schaffen. Domat sinn och Problemer behuewen, déi d'Science-Tuteure virdrunner a verschiddene Klassesäll begéint hunn.
© Lisa Weisgerber - rtl.lu
De Wëssens-Atelier riicht sech u Kanner vun aacht bis zwielef Joer, egal ob am Kader vun den Coursen, Vakanzenaktivitéiten oder nach Maison-relaisen. Et wier zemools an deem Alter wichteg, d’Kanner fir de Beräich vun de Wëssenschaften an der Technik z’intresséieren.
De mobillen Atelier gouf virun zwee Joer bestallt. Den Unhänger gouf ënnert anerem vum Wirtschafts- a vum Educatiounsministere finanzéiert.