Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn op den "Thinking Day" invitéiert

© © Lëtzebuerger Guiden a Scouten / Charles Majerus
Am Kader vum sougenannten "Thinking Day", hunn d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten dëse Samschdeg e gréissert Event am Mierscher Gemengepark organiséiert.
Gefeiert gëtt um "Thinking Day", deen all Joer traditionell den 22. Februar ass, de Gebuertsdag vum Grënner vun der internationaler Scouts-Beweegung Lord Robert Baden-Powell, dee virun 166 Joren op d'Welt komm ass. Den Numm "Thinking Day" betount dobäi och nach eng weider Bedeitung vun dësem Dag: Weltwäit sollen d'Scouten un hir Scout-Bridder- a Schwësteren op der ganzer Welt denken.
Am Mierscher Gemengepark war et dann d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS), déi e Samschdeg op den "Thinking Day" invitéiert huet, un dem ronn 500 Scouten deelgeholl hunn. Ënnerschiddlech Atelieren, fir Jonker am Alter tëschent 6 an 23 goufen dobäi ugebueden.
Och haten d'LGS d'Geleeënheet genotzt, fir zukünfteg Projeten an Aktivitéiten ze presentéieren.