De Parquet sicht nom uergen Accident am Neiduerf no Zeien

© Domingos Oliveira
Ee ganz uergen Accident mat dräi Doudesaffer gouf et de Méindeg de Moien am Neiduerf, direkt wann ee vum Findel erof an d’Stad kënnt.
Op der Fuerbunn wollt en Auto e Bus iwwerhuelen, deen op der Haltestell stoung. Du koum vun hannen e weidert Gefier, dat och iwwerhuele wollt, an deen éischten Auto ze pake krut.
E Mann vun 64 Joer an eng Fra vun 31 Joer, déi am Gefier souzen, dat vun hanne koum, sinn ëm d'Liewe komm. Eng 40 Joer al Foussgängerin gouf beim Ongléck mat ewechgerappt an esou schwéier blesséiert, dass och si op der Plaz verscheet ass. D'Persoun am éischten Auto, dee laanscht de Bus wollt fueren, ass schwéier verwonnt ginn.
De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geschéckt a béid Gefierer saiséiere gelooss. Wärend dem komplett Asaz vun der Police an de Rettungsdéngschter huet d'Streck misste fir den Trafic gespaart ginn.
De Parquet sicht no Zeien:
De Parquet sicht nom uergen Accident no Zeien. Hannert deem éischte Gefier, dat de Bus iwwerholl huet, wier eng Schlaang vun aneren Autoe gewiescht, déi vum zweete Gefier iwwerholl goufen. Dës Zeie solle sech ënnert der Nummer 244401000 bei der Police mellen.
Och e Foussgänger wier deen Ament op der Plaz gewiescht, dësen hätt déi déidlech blesséiert Foussgängerin op der anerer Säit vum Trottoir gekräizt. Och dës Persoun soll sech bei der Police mellen.