Zanter elo scho bal 60 Joer präägt d'Berthe Lutgen net just déi Lëtzebuergesch Konschtzeen, mee setzt sech och onermiddlech fir d'Rechter vun de Fraen an.

Fir eise Sonndesinterview hu mir eis um Weltfraendag Rendezvous ginn. Op dësem verschneite Mëttwochmoie mécht d'Berthe Lutgen eis d'Dier op a weist eis hiren Atelier. Grouss Fënstere loosse vill Luucht eran an um Buedem weise sech d'Spuere vun hirer Aarbecht. D'Faarf aus de leschte Joerzéngte léisst op eng bont Karriär schléissen.

Esou eng huet d'Fraerechtlerin a Kënschtlerin ouni Fro hannert sech. Hir éischt Ausstellungen hat si Ufank der 60er Joren zu Lëtzebuerg an och mat elo 87 Joer ass si nach esou aktiv wéi ëmmer. Eng individuell Expositioun mam Numm "L'Emprise du Réel" war zulescht 2022 an der Abtei Neumünster ze gesinn. Mä ëm hir Roll an der Lëtzebuerger Konschtzeen soll et hei awer just niewesächlech goen.

Verännerung duerch Eeegeninitiativ

D'Berthe Lutgen huet 1971 de "Mouvement de libération des femmes" (MLF) gegrënnt an huet domat de Momentum vun de Fraebeweegungen, déi deen Ament weltwäit ugefaangen hunn, al Strukturen opzerëselen, och op Lëtzebuerg bruecht.

Si erënnert sech nach gutt drun, wéi wéineg Eegebestëmmung d'Fraen zu Lëtzebuerg deemools haten: "Mir haten hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer de Code Civil vum Napoleon. Dat heescht, d'Fraen hate keng Rechter an d'Frae goufen als mannerjäreg betruecht. Si konnten zum Beispill kee Bankkonto opmaachen, si konnte sech keen Auto kafen, ouni den Accord vun hirem Mann. A wa se kee Mann haten, dann hu se missten den Accord hu vun hirem Papp. Wa se kee Papp méi haten, dann dee vun hirem Brudder." E Beruff unhuelen, iwwer d'Erzéiung vun den eegene Kanner matdecidéieren - alles dat war ouni ee Mann net méiglech.

Och iwwert den eegene Kierper konnte Fraen deemools net autonom decidéieren, wat notamment bei ongewollte Schwangerschaften dacks schlëmm Konsequenze mat sech gezunn huet. "Den Avortement war net legal. Do waren awer Fraen, déi ongewollt schwanger goufen. Déi, déi d'Suen haten, sinn an Holland gaangen. Déi, déi net genuch Suen haten, misste sech selwer hëllefen. Do ass et dacks schlecht ausgaange fir d'Fraen."

Inspiréiert vun de Fraebeweegungen "Women's Liberation Movement" an Amerika an dem franséischen "Mouvement de la libération des femmes" huet d'Berthe Lutgen decidéiert, datt och Lëtzebuerg eng Beweegung fir d'Rechter vun der Fra bräicht. "Ech hunn doropshin eng Rei Frae kontaktéiert aus mengem Bekanntekrees a se gefrot, ob si net Loscht hätten, esou ee Mouvement ze grënnen."

Et war d'Gebuertsstonn vum "Mouvement de libération des femmes". D'Revendicatioune vun der Beweegung ware villfälteg: Accès op all Aarbechtsplazen, d'Ariichtung vu gratis Betreiungsstrukture fir Kanner,  d'Legaliséierung vun der Ofdreiwung, eng Reform vum Code Civil an nach Villes méi.

Treffpunkt war dacks de Café du Commerce an der Stad. Männer, Fraen, Leit vun alle politesche Stréimunge waren do wëllkomm a konnte matdiskutéieren. "Bis datt bemol d'Männer awer e bësse méi autoritär goufen an de Frae gesot hunn, wat se misste soen oder wat se sollte schreiwen", erënnert sech d'Berthe Lutgen a laacht. Vun do un hu sech d'Frae just nach ënnert sech getraff.

Den nei gegrënnten MLF protestéiert 1972 virun der Chamber
De Reportage iwwer d'Fraendemonstratioun ass den 31. Mee 1972 op RTL gelaf.

Ee vun den Héichpunkten an hirer Karriär als Aktivistin war d'Demonstratioun virun der Chamber am Joer 1972. "Ech ka mech nach gutt erënneren. Mir stoungen do virun der Dier an do koum bemol den [deemolege Premier Pierre] Werner a sot zu eis: 'Ma dir hutt dach schonn eppes kritt, firwat musst der dann nach eppes hunn?'" 1972 war d'Eherecht geännert ginn, esou datt Fraen a Männer do prinzipiell gläichgestallt waren. "D'Güterrecht, dat de Frae méi finanziell Autonomie ginn huet, hu se awer eréischt no eise Protester 1974 geännert."

De Protest vum MFL um Internationale Fraendag 1984
Zesumme mat enger Rei anere Fraenorganisatiounen huet den MLF 1984 seng Revendicatiounen op d'Stroosse vun der Stad bruecht.

"D'Parteie sinn nach ëmmer Männergesellschaften"

Datt d'Situatioun vun de Fraen zu Lëtzebuerg sech zanter de 70er Jore staark verbessert huet, ass fir d'Berthe Lutgen kloer. Allerdéngs kann een och haut nach net d'Féiss eropleeën a sech fir eng gutt Aarbecht felicitéieren - et bleift nach vill ze maachen.

"D'Fra huet sech doduerch, datt de Code civil reforméiert gouf, méi fräi gefillt. Si huet sech méi respektéiert gefillt. Et gouf hei, wéi och an Däitschland, jo sos ëmmer déi berüümten dräi "K"en: Kinder, Küche und Kirche. Do huet elo awer kee méi dervu geschwat."

Mä grad wat Fraen an héije Positiounen oder an der Politik ugeet, ass der Berthe Lutgen no nach een ëmdenke gefuerdert. "2018 waren d'Chamberwalen. Do waren op den Electiounslëschten eng 250 Fraen, mee et sinn der nëmmen 12 gewielt ginn." D'Frae wieren an de Parteien net genuch en evidence gesat ginn a si wieren dowéinst onsiichtbar bliwwen. "Si waren zwar op de Lëschten, et konnt ee se wielen. Mä wie wielt da schonn een, deen en net kennt?", kommentéiert d'Fraerechtlerin. "D'Parteie sinn nach ëmmer Männergesellschaften."

D'Berthe Lutgen ënnerstëtzt déi rezent Fuerderung vun der däitscher Ausseministerin Annalena Baerbock, d'Aussepolitik misst feministesch ginn. Bei der Aussepolitik sollt et der Fraerechtlerin no awer net bleiwen: "Déi ganz Politik muss feministesch ginn. Eng Ministerpresidentin wier ni an d'Ukrain amarschéiert. Et ass scho wichteg, datt d'Frae vill méi an d'Politik opgeholl ginn, datt si méi d'Soen hunn."

D'Berthe Lutgen zu de Fraen an der Aarbechtswelt

Méi Feminismus ass der Berthe Lutgen awer och an der allgemenger Aarbechtswelt wichteg. "D'Frae sinn haaptsächlech am Care-Beruff. [...] Dat sinn alles Beruffer, déi wichteg fir d'Gesellschaft sinn, awer déi gesellschaftlech net esou unerkannt sinn an och guer net gutt bezuelt ginn." D'Top-Plaze wieren dogéint de Fraen ëmmer nach virenthalen.

RTL

D'Berthe Lutgen an hirem Atelier. / © Sarah Cames / RTL

Een anere Punkt, deen der Berthe Lutgen no nach Opmierksamkeet verlaangt, ass awer och dee vun der geliefter Gläichberechtegung am Privatliewen. "Et muss een och emol bedenken - mir hunn hei zu Lëtzebuerg 175 verschidden Natiounen. Déi kommen aus anere Kulturkreesser. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et natierlech de Code civil, mee wéi et doheem an der Famill ass - dat wësse mer net. Do ginn et Kulturen, wou d'Fra nach vill méi ënnerdréckt ass, an do gëtt et nach vill ze maachen."

Erzéiung a Bildung - dat sinn der Berthe Lutgen no zwee vun den Haaptpiliere vun der geliefter Gläichberechtegung. D'Egalitéit misst souwuel an de Käpp vun de Fraen, wéi och bei de Männer als Grondprinzip verankert ginn. "Si musse gesot kréien, datt si net d'Herren der Schöpfung sinn." Gläichzäiteg gesäit d'Fraerechtlerin d'Gläichberechtegung awer och als Generatiounenaufgab. D'Eltere misste sech bewosst sinn, wéi eng Wäerter si un hir Kanner weiderginn. Nëmme sou kéint et iwwer d'Jore besser ginn.

"D'Konscht muss Messagen hannerloossen"

Eng zentral Roll spillt d'Fra iwwerdeems och an der Berthe Lutgen hirer Konscht. Schonn als Kand huet si mat Leidenschaft gemoolt a gezeechent. "Et ass meng léifste Beschäftegung. Ech kéint et mer net virstellen, net kënschtleresch täteg ze sinn."

Schonn an de 60er Joren huet si hir Konscht dozou genotzt, Sexismus an d'Objektifikatioun vun der Fra unzeprangeren. "Wa se wollten en Auto verkafen, huet missten eng hallef plakeg Fra derbäistoen. D'Reklamme waren alleguerte sexistesch an ech hunn och e bëssen dogéint ugekämpft." An enger Rei vu Serigraphien huet si d'Thema opgegraff a mat Géigebeispiller ridiculiséiert.

RTL

© Berthe Lutgen

An hire Wierker op Mëssstänn hinzeweisen, ass hir och haut nach onheemlech wichteg - an dat net just op Lëtzebuerg bezunn. An hirem Wierk "La Marche des Femmes" wéist d'Berthe Lutgen eng Prozessioun vu Fraen aus aller Welt, déi fir hir Rechter demonstréieren. Et sinn awer keng abstrakt Beispiller - déi duergestallte Frae ginn et wierklech. Si setze sech an hire jeeweilege Länner fir d'Gläichberechtegung vun der Fra an.

"Ech hunn ni l'art pour l'art gemaach", seet d'Berthe Lutgen haut iwwert hiert Oeuvre. "Ech fannen d'Konscht soll Aussoe maachen. Si muss expressiv sinn, si muss weisen, wat net richteg leeft an der Gesellschaft. Dat ass de But vun der Konscht, fannen ech."

RTL

Der Berthe Lutgen hiert Wierk "La Marche des Femmes" war 2021/2022 an der Villa Vauban ausgestallt. / © Berthe Lutgen