Hausse no der Fuesvakanz: D'Covid-Infektioune klamme weider

© RTL-Grafik
D'lescht Woch ass d'Zuel vun de Covid-Infektioune weider an d'Luucht gaangen. Dat mellt d'Santé an hirem neiste Rapport.
No der Fuesvakanz gouf et schonn eng staark Hausse, elo waren et nees 200 Fäll, respektiv 14 Prozent méi. Iwwer 1.600 Infektioune goufen d'lescht Woch registréiert.
D'Hallschent vun de concernéierte Leit war scho virdrun emol infizéiert. Mëttlerweil ginn awer och nees 16 Leit covid-bedéngt an engem Spidol behandelt. Kengem geet et awer esou schlecht, dass en op eng Intensivstatioun misst. Eng Persoun ass mat Covid oder un de Suitte vun der Infektioun gestuerwen, si war 94 Joer al.
PDF: Coronavirus - Retrospectiv vun der Woch
Tëscht dem 27. Februar an dem 5. Mäerz goufen dann och 318 Fäll vun der Gripp festgestallt. Aktuell wier do den Typ B dominant.

LINK: De Communiqué mat allen Detailer um Site vun der Santé