E Sonndeg de Moien ass en Airbus A400M vun der belscher Arméi mat engem Peloton Lëtzebuerger Zaldoten u Bord an Direktioun Rumänien gestart.

Kuerz virum Depart goufen déi éischt Zaldoten, déi elo wärend gutt 4 Méint zu Cincu an Transilvanien stationéiert sinn, offiziell verabschit.
Dat a Presenz vum Vizepremier a Verdeedegungsminister François Bausch, der Ambassadrice vu Rumänien hei zu Lëtzebuerg, Alexandrina-Livia Rusu an dem Chef d'état-major vun der Arméi, dem Generol Steve Thull.

Déi 27 Lëtzebuerger Zaldote sinn am Kader vun der ''Enhanced Vigilance Activities Missioun'' (eVA) vun der NATO a Rumänien stationéiert.  D'Missioun ass den Ament op 28 Méint ugesat. De Lëtzebuerger Peloton, deen op Opklärung spezialiséiert ass, gëtt an eng Kompanie vun 120 bis 150 Mann, déi den Ament ënner hollänneschem Kommando steet, integréiert. Dësen ass selwer Deel vun engem 1.600 Mann staarke Batailloun, deen ënner Franséischem Lead steet.

D'Missioun vun den Zaldoten ass et, en Vue vun der russescher Invasioun vun der Ukrain, déi sougenannten Ost-Flank vun der NATO, an domat och vun der Europäescher Unioun, ze stäerken. Am Fall vun enger russescher Attack wier et d'Missioun vun der NATO, den Territoire vun hirem Memberland Rumänien ze verdeedegen.
D'Presenz vun den NATO-Truppen an hirem Land gëtt vun de rumäneschen Autoritéiten, als extrem wichteg ugesinn. Dofir hunn net just d'Rumänesch Ambassadrice hei zu Lëtzebuerg, ma och e Militär Attaché deen extra vu Paräis ugereest ass, drop gehalen, bei der Zeremonie um Findel mat derbäi ze sinn.

Dës Missioun vun 27 Lëtzebuerger Zaldoten ass fir ons Arméi, eng vun de gréissten bannent de leschte Joren.