Keng Maske méi a keng Isolatioun. D'Mesurë géint Coronavirus ginn ongeféier 3 Joer nom Ufank vun der Pandemie opgehuewen.

De Gros vun de Leit déi sech mam Covid infizéiert haten, hu sech nees komplett erholl. Anerer si méi laang domat geplot. Fir eng Partie Leit ass dee schwéierste Passage vum Kapitel Covid nach net eriwwer: nämlech fir d'Long-Covid-Patienten.

D'CNS finanzéiert jo zanter 18 Méint e Programm fir Patienten, déi vun deem Syndrom betraff sinn. An tëscht sinn hei am Land offiziell gutt 1.000 Long-Covid Patienten an engem Traitement. Den CHL mécht déi éischt Diagnos. Ënnert anerem zu Ettelbréck am CHNP, zu Munneref am Domaine Thermal an um Kierchbierg am Rehazenter ginn d‘Patiente behandelt.

Ëmmer méi gëtt kloer, dass majoritär Frae betraff sinn: 63 Prozent! Dacks jonk a fit Mënschen. Long-Covid huet seriö Konsequenzen. Ma gutt 240 Patiente vun deenen 1000 hunn hiert Traitement fäerdeg gemaach an deels grouss Progrèse gemaach.

RTL war sech an de Rehazenter ukucken, wéi Long-Covid-Patientinnen a Patiente probéieren, nees fit ze ginn an dobäi gehollef kréien.