Dëst sinn nëmmen zwou Fuerderungen, déi am Walprogramm vun der neier Partei Fokus stinn. Dëse gouf e Samschdeg um Nationalkongress eestëmmeg ugeholl.
Courage fir Verännerung, esou ass de Walprogramm vun der Partei Fokus ëm de Frank Engel betitelt. Lëtzebuerg bräicht en neien Ulaf huet et e Samschdeg de Moie um Nationalkongress geheescht, op deem tëscht 50 a 60 Membere present waren.
Fokus fuerdert beispillsweis e Grondakommes vu 65 Joer un, de Staatsrot misst reforméiert ginn, grad ewéi d'Walrecht. En aktiivt Walrecht fir Jonker ab 16 Joer an e passiivt Walrecht fir Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen, ass eng weider Fuerderung.
De Premier soll dann och kënnen direkt gewielt ginn an doropshin seng Regierung zesummestellen. Fir déi auslännesch Residente mat anzebannen, soll e reforméierte, representative "Conseil National pour Étrangers" gewielt ginn.
Wunnengspolitik
E wichtege Punkt an hirem Programm ass d'Wunnengspolitik. Lëtzebuerg bräicht eng grouss ugeluecht emphyteotesch Bauoffensiv an deene Gemengen, wou eng substantiell Erhéijung vun den Awunnerzuele Sënn maache géif. Dat heescht do wou den Transport ugeschloss ass, wou Aarbechtsplaze sinn. Duerch eng besser Kommunikatioun kéint d’ Akzeptanz vun der Emphyteose verbessert ginn.
D'Dauer vun der Emphyteose kéint verlängert ginn. Plaze fir "Tiny Houses" sollen ausgewise ginn. D’Mietschutz-Gesetz wier e komplette Fauxpas. De Wunnengsbauminister soll dat zréckzéien. Fokus fuerdert weider den Droit d’Enregistrement op private Wunnengstransaktiounen ofzeschafen. Et kéint ee sech awer Plafonge virstellen. Zil wier et jo net, datt Leit, déi sech ganz deier Logementer leeschte kéinten, ze hëllefen.
D’Grondsteier sollt ofgeschaf ginn fir déi eege Wunneng a Locatiounswunnengen. Op onbenotztem Wunnraum soll se bedeitend an d’Luucht goen.
Educatioun
Punkto Educatioun fuerdert Fokus d’Ausschaffe vun engem 10-Joresplang, mat alle bedeelegten Acteuren. D’Alphabetiséierung op Däitsch a Franséisch soll ugeduecht ginn. Vum Cycle 3.1 soll nees eng Punkte-Bewäertung agefouert ginn.
Fir d’Orientatioun an de Lycée proposéiert d’Partei en optionalen Opnamexamen anzeféieren. Tëscht 7e a 5e sollen d’Schüler am Enseignement général och nees kënnen duerchfalen. Domadder soll verhënnert ginn, datt se spéider an enger Sakgaass landen.
D’Schoulflicht soll bis 16 Joer gëllen an net, wéi elo vum DP Educatiounsminister geplangt, op 18 Joer ugehuewe ginn.
Gesondheet
Delaie fir IRM, Scanner an aner medezinesch Rendez-vouse misste verkierzt ginn, sou Fokus. Dofir misste Bereetschaftsdéngschter a Garden mi breet a mat méi verschiddene Spezialisten opgestallt ginn.
Fokus fuerdert e Monitoring vu medezineschen Apparater, Infrastrukturen, awer och vun der Versuergung mat Medikamenter, Dokteren a Gesondheetspersonal. En Universitéitsspidol géif fir méi Attraktivitéit suergen a Medezinstudenten unzéien. Op dës Manéier kéint een dem Manktem un Dokteren entgéintwierken.
D'Nomenclature soll iwwerschafft ginn. Beweegung a Sport sollen als Therapie kënne verschriwwe ginn.
De Fokus Spriecher a Spëtzekandidat Frank Engel huet a senger Ofschlossried d’Sozialiste staark kritiséiert. D’Inneministesch Taina Bofferding fir d’Grondsteierreform, dës géif réischt a Jore gräifen. Kritik gouf et och un der LSAP Positioun fir eng Aarbechtszäitverkierzung zu vollem Lounausgläich. Net mat eis, sot de Frank Engel. Och géint den Aarmutsrisiko wier näischt ënnerholl ginn.
Indexsystem reforméieren
Den Indexsystem misst reforméiert ginn. Mindestlounbezéier déi manner wéi d’Median Akommes (< ronn 3.600€ de Mount) verdéngen, solle méi en héijen Index ausbezuelt kréien, wéi bis elo. Ab enger Pai vun 160.000 Euro d’Joer soll den Index vun 2,5% degressiv erofgoen.
Iwwer d’Staatsschold war et dës Ausso: "Mir si keng Fetischiste vun den 30%". Et géif keng wëssenschaftlech belaaschtbar Thees ginn, datt den Triple A bei enger méi héijer Staatsschold géif ewechfalen. D’Fro wär awer, wéi wäit ee kéint goen an do feelt dem Parteispriecher eng kloer Ausso vun de politesch Responsabelen.
«kee Mënsch am Land ka kee Wuesstem méi wëllen»
Ween ophale géif ze wuessen, géif schrumpfen. De Frank Engel géif gär gesinn, wéi e Land dat därmoossen u Wuesstem a Wuelstand gewinnt wär, géif reagéieren, wann et géifen op deem Niveau Aschränkunge ginn. Wuesstem kritt een net gesteiert. E sollt awer an d’Groussregioun projezéiert a ausgebaut ginn.
Stéchwuert: territoriale Wuesstemsmodell. Mir missten eis wirtschaftlech an der Groussregioun entwéckelen a mat den Nopeschlänner zesummen amenagéiert a geréiert Aktivitéitszone schafen. D’Frontaliere kéinten dann an hirem Land schaffe bleiwen. Virdeel: eng Jugurtsfabrick wär kee Politikum méi. Eng Rei Buergermeeschteren hannert der Grenz wären dankbar fir dee Projet gewiescht.
Picke goufen et och géint d’CSV. De Spëtzekandidat Luc Frieden dierft sech elo no 2 Méint um Nationalkongress vun der CSV nächste Weekend endlech ëffentlech äusseren. De Walprogramm wär jo da fäerdeg.
Um penibele populistesche Grénge-Bashing géif Fokus net deelhuelen. Allerdéngs géif déi gréng Politik net ganz vill bréngen. Beispill Landesplanungsminister: eng Landesplanung hätt zanter dem Michel Wolter senger Zäit net stattfonnt. Punkto Energiepolitik hätt Lëtzebuerg sech duerch virulent a rabiat Anti-Atomstroum-Positiounen ausgezeechent. "Nee, mir sinn NET géint Atomstroum. Well ouni Atomstroum ginn dem Claude Turmes seng Elektroautoen net. Ech soe net, mir sollen e Reakter hei bauen. Dat maachen déi Gréng. Lo stinn d’Reakteren zu Cattenom. Mir sinn ausgeliwwert. Den Energieminister ass besuergt". Et misst een haut net géint Atomenergie sinn. D’Reaktere wieren haut anerer. Och Kärfusioun wier eng Méiglechkeet, esou nach de Frank Engel.