En Dënschdeg huet d'Walkommissioun vun déi Gréng sech eestëmmeg fir d'Justiz- a Kulturministesch Sam Tanson als national Spëtzekandidatin ausgeschwat.

Wéi et e Mëttwoch an engem Communiqué heescht, wier d'Spëtzekandidatur aus den Duebelspëtzten aus de véier Walbezierker ervirgaangen, déi an de leschten Deeg vun de jeeweilege Bezierkskongresser gewielt gi waren.

No der eestëmmeger Nominéierung vun der Ministesch Tanson wäert nächsten Dënschdeg nach een ausseruerdentleche Kongress iwwert de Virschlag vun der Walkommissioun ofstëmmen. Hei ass eng 3/5 Majoritéit néideg.