Déi lescht Covid-Restriktioune ginn elo och gestrach

Den entspriechende Gesetzestext gouf en Donneschdeg de Mëtteg unanime an der Chamber gestëmmt.
De Rapporter Mars Di Bartolomeo huet betount, datt an de leschten dräi Joer 30 där Covid-Gesetzer um Krautmaart gestëmmt goufen a widderholl, datt mat dësem Text d’Masken- an d’Isolatiounsflicht ewechfalen. Méiglech wier dat, well d'Situatioun stabel wier.
"A leider kënne mer de Virus net per Gesetz ofschafen. D'Zuel vun den Infektiounen ass tendenziell erop gaangen, mee gläichzäiteg ass d'Unzuel vun de Leit wou de Virus Schlëmmeres verursaacht niddreg bliwwen. Dat ass engersäits, well d'Populatioun duerch d'Impfungen (mir leie bei 80%), d'Infektiounen an d'Re-Infektioune méi robust ginn ass, anersäits hunn d'Varianten, déi aktuell am Ëmlaf sinn, e manner schwéiere Verlaf."
Den LSAP-Politiker, ma och soss Deputéiert hunn awer ënnerstrach, datt d’Leit, wa se wëllen, natierlech nach ëmmer dierfen eng Mask undoen, an datt et och a Spideeler a Fleegestrukture weider gëllt, virsiichteg ze sinn.
Souwuel de Claude Wiseler vun der CSV wéi och d'Nathalie Oberweis vun déi Lénk hunn an hirer Interventioun d'Wichtegkeet ervir gestrach, datt ee Léieren aus dëser Pandemie zitt.
"Virun allem bräichte mer e breeden, éierlechen, ëffentlechen a kontradiktoreschen Debat iwwert dat wat déi lescht 3 Joer passéiert ass. Dat gouf et net wierklech. Et gouf just iwwert déi eng oder aner hiergefall, mee et ass net matenee geschwat ginn. Dofir fuerderen ech mat der Patientevertriedung eng national onofhängeg Kommissioun, déi réckbléckend schafft an eng Rei Froen opschafft, wéi z.b d'Mesurë kritesch hannerfreet op hir Proportionalitéit an Effikassitéit, mee och z.b d'Covid-Certificaten a QR Coden op hir diskriminéierend Auswierkungen ënnersicht."
D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet iwwerdeems op déi schwiereg Zäit an de leschten dräi Joer zréckgekuckt a sech erliichtert gewisen, datt mer haut do stinn, wou mer stinn. Och wann de Virus zwar nach zirkuléiere géif, wieren déi schlëmm Fäll extrem rar an de Gesondheetssystem net méi iwwerlaascht.