Luc Frieden unanime zum Spëtzekandidat fir d'Chamberwale designéiert
E Samschdeg de Moien ass d'CSV zu Ettelbréck an der Däichhal fir hire Konvent zesummekomm. Ronn 600 Persounen hunn de Wee an d'Bauerestad fonnt.
Dobäi gouf d'Campagne fir d'Gemengewalen den 11. Juni mam Slogan "Méi No Méi Beweegen" presentéiert. Ma den Héichpunkt war awer ganz kloer d'Ried vum Luc Frieden, deen unanime zum Spëtzekandidat fir d'Chamberwale bestëmmt gouf.
Kuerz viru Mëtteg, nach äert de Luc Frieden mat senger 50 Minutte laanger Ried fäerdeg war, krut hie vun de ronn 600 Nolauschterer, dorënner déi fréier Staatsministere Jacques Santer a Jean-Claude Juncker, Standing Ovations. Déi eege Leit huet de fréiere Minister, deen déi lescht 9 Joer an der Privatwirtschaft aktiv war, anscheinend iwwerzeegt.
Luc Frieden: "Et ass Zäit, datt sech eppes ännert"
De Luc Frieden huet sech als ee Kandidat presentéiert, deen d'Gesellschaft zesummebrénge wëllt. Virun allem d'Schéier tëscht Aarm a Räich dierft net méi grouss ginn. Fir dat ze verhënneren, dierft an Zukunft keng Politik mat der Strenz méi gemaach ginn.
"Eng effikass Sozialpolitik, léif Frëndinnen a Frënn, heescht net, datt ee jidderengem alles zum gläiche Moment muss ginn, oder ka ginn oder soll ginn. An dofir sinn ech eigentlech fir d'sozial Selektivitéit. Dat heescht, datt ee sozial Moossname virun allem op déi ausriicht, déi et wierklech brauchen. An dofir kënnen nei Leeschtungen an der Zukunft net mat enger Gratispolitik fir jidderee funktionéieren. Dat ass net gerecht, dat ass net effikass an et ass och net bezuelbar."
De Luc Frieden huet e puer Mol ënnerstrach, datt virun allem an de Beräicher Digitaliséierung a Klima grouss Changementer bevirstoe géingen. Dorop misst d'Politik déi richteg Äntwerte liwweren.
"D'Energiepolitik an d'Klimapolitik muss eng transversal Politik sinn an dat selwecht gëllt bei der Digitalisatioun. Ech hätt gären, datt Lëtzebuerg, sou wéi Estland, muer ee Land wär, wou een all administrativ Prozeduren digital maachen. Datt mer dofir déi richteg Datenzentren hunn an datt virun allem och d'Leit an d'Betriber net ëmmer dem Staat x-mol dat nämmlecht musse schécken."
Doriwwer eraus huet sech den CSV-Spëtzekandidat ënnert anerem fir den automateschen Index, fir eng reegelméisseg Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun, fir eng méi staark Policepresenz a fir weider Ustrengunge bei der Integratioun vun den Auslänner ausgeschwat. Elo huet de Luc Frieden nach bis den 8. Oktober Zäit, d'Wieler vu senger Visioun vum zukünftege Lëtzebuerg ze iwwerzeegen.
Kritik un der Regierung
Am Kader vun deem wichtege Rendez-vous gouf natierlech net mat Kritik un der blo-rout-grénger Koalitioun gespuert. Eng ganz Rëtsch vu Riedner op déi lescht Legislaturperiod zeréckgekuckt. Sou huet d'Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen beispillsweis bemängelt, datt net genuch gemaach gi wier, fir d'Waardezäit op eng Mammografie ze verkierzen.
"An da sot d'Madame Lenert lo kierzlech erëm eng Kéier an der Chamber, si wäre lo op der leschter Ligne droite fir d'Zäit vun de Rendez-vousen ze verkierzen. Wësst der, mir hunn déi Floskel vun der leschter Ligne droite an deene leschte Joren x-mol héieren. Also entweder ass wierklech d'Regierung oder d'LSAP sou lues wéi ee Schleek, datt se krauche bis bei d'Ligne droite, oder si hu sech mat hirer Cannabis-Prioritéit am Kapp op der Ligne droite verlaf."
Ma et gouf och géint eng aner Oppositiounspartei ausgedeelt. Sou huet de Co-Parteipresident Claude Wiseler der ADR hir kritesch Haltung vis-à-vis vu Sanktioune géint Russland an d'Viséier geholl.
Dat soen, ass nämlech d'Ukrain ausliwweren an dono aner Länner ausliwweren, dem Här Putin, der Diktatur an der Ënnerdréckung. Ouni mat de Wimperen ze zucken, kalbliddeg a fir mech och zynesch. Dat beschreift an eisen An der ADR hir Haltung haut."
De Co-Fraktiounspresident Gilles Roth huet der Regierung iwwerdeems Stëllstand an der Logementspolitik virgeworf.
"All deenen nach am Ouer kléngt déi Ukënnegung vun der Madamm Maggy Nagel 2014: "Mir bauen 10.000 Wunnengen an den nächsten 10 Joer iwwert déi ëffentlech Hand". Jo, ech muss soen, déi Fra huet deemools awer richteg Neel mat Käpp gemaach. Abee d'Resultat, d'SNHBM a Fonds du logement hunn zesummen iwwert déi leschte Jore grad emol 250 Wunnenge pro Joer gebaut. 4 Logementsminister an deene leschten 10 Joer an d'Wunnengskris war an eisem Land nach ni esou grouss ewéi elo."