Fred Keup eestëmmeg zum Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen designéiert
"Mir komme mat Alternativen" - d'ADR wier als Vollekspartei prett, fir déi zwee grouss Rendez-vousen - Gemengen- a Chamberwalen - dëst Joer unzegoen.
"Aner Parteien solle sech waarm undoen." D'ADR hätt villes wëlles, sou de Parteipresident Fred Keup e Sonndeg de Moien um Kongress zu Dummeldeng.
Op nationalem Plang, géing et déi nächst Méint drëms, dem Realitéitsverloscht vu Gambia an der CSV entgéingt ze wierken. Eng Seefebloosewelt. Chamberwalen, déi d'Partei ma Fred Keup als Spëtzekandidat ugoe wäert. Dem jéngste Spëtzekandidat vun alle Parteien, sou de Fernand Kartheiser. Eng Decisioun, déi eestëmmeg am Nationalcomité gefall wier. De Walkampf well de Fred Keup als Kapitän vun enger ganzer Ekipp ugoen.
"Fir e bessert Lëtzebuerg", sou deen 42 Joer ale Politiker, dee virun 3 Joer an d'Chamber koum. D’ADR wier eng Partei mat Leit, déi eppes beweege wéilten. D’ADR géif sech op d’Wale freeën. Iwwerdeems deenen anere Parteien de Wuppes geet. D’ADR hätt d’Demokratie am Numm, am Häerz stoen.
D’ADR wier eng éierlech Partei, déi hir Verspriechen hale géif. D’ADR wéilt d’Politik am Land ännere fir e bessert Lëtzebuerg, sou de Fred Keup. Fir eng Politik mat Verstand an net Ideologie. Den ADR wéilt d’Mëttelschicht, d’Leit vum ländleche Raum, verdeedegen.
Ee vun de Punkten, déi mat der ADR ustoe géifen, ass de Referendum zu Lëtzebuerg anzeféieren, fir d’Stëmm vum Vollek ze héieren.
D’ADR fuerdert Energie-Sécherheet a géif sech net géingt den Tanktourismus ausschwätzen.
Standing Ovation gouf et fir de Fred Keup, wéi e Wäert drop geluecht huet, datt d'Lëtzebuerger Sprooch am Land erhale bleift. D'ADR wier fir d'Monarchie.
Wat d’Gemengewalen ugeet, sou steet den Ament fest, dat d’ADR mat Lëschten an 11 Gemengen untriede wäert. Et kéinten och nach 13 ginn. De Parteipresident Fred Keup goung op déi grouss Linne vum 100 Punkte-Programm an. Am Mëttelpunkt sollen d’Theme Wunnen, Demokratie, Sécherheet, Famille, Integratioun oder och de Wuesstem stoen. Grad op lokalem Niveau missten d’Gemenge Wunnengen iwwer gewësse Schlëssel kafen, déi da prioritär u Leit aus der Gemeng verlount géifen.
D’Integratioun misst iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch lafen. Zum Thema Wuesstem, misst déi aktuell Bevëlkerungs-Explosioun gebremst ginn. Heiansdo wier manner méi. Liewensqualitéit wier d’Zil.
A Punkto Mobilitéit, géif een keng Politik géingt den Auto maachen.
Op Gemengen Niveau wëll sech d’ADR derfir asetzen, fir eng méi direkt, transparent Demokratie iwwer Referendum.
D’ADR géing haut 1.754 Member zielen, Tendenz däitlech no uewen, sou de Generalsekretär Alex Penning um Kongress.