Police
3 Persounen no Menace mat Metallstaang gepëtzt

Der Police goufen e Samschdeg den Owend dräi Persounen an der Avenue Monterey an der Stad gemellt, déi no Sue froen an d'Leit menacéiere géingen.
Wéi d'Beamten déi dräi op der Plaz ugetraff hunn, hu si bei enger Kierperkontroll vun de Persounen een "Felgeschlëssel" aus Metall an eng metalle Staang sécherstellen. Dës wier éischten Informatioune vun der Police no och benotzt ginn, fir d'Passanten ze menacéieren.
Déi dräi Persoune koume mat op de Policebüro a goufe protokolléiert.
Am meeschte gelies