De portugisesche President Macelo Rebelo de Sousa an de Premierminister António Costa sinn e Sonndeg fir eng Visitt zu Lëtzebuerg.

D'Visitt ass gutt getimt - e Sonndeg den Owend trieden am Stade de Luxembourg nämlech och déi Lëtzebuergesch an déi portugisesch Nationalekipp géinteneen un.

De Match kucke sech de portugisesche President an de Premier Costa a Begleedung vum Grand-Duc, dem Premier Xavier Bettel, dem Sportminister Georges Engel an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer un.
Ier se sech de Match Owes live am Stade de Luxembourg ukucken, haten de Macelo Rebelo de Sousa an den António Costa awer och schonn eng Entrevue mam Grand-Duc an der Grande-Duchesse am Palais.

Den António Costa huet sech ausserdeem mam Lëtzebuergesche Premier Bettel getraff, fir iwwer déi bilateral Bezéiungen tëscht Lëtzebuerg a Portugal, genee wéi iwwer déi national an international Aktualitéit ze schwätzen.

RTL

Fans waarden op déi portugisesch Nationalekipp. / © Jacques van Luijk