D'Chargés de Cours an der Educatioun géingen dacks an eng prekär Situatioun bruecht ginn, well si ongerechtfäerdegt géingen a CDD-Kontrakter festhänken.

Chargés de Cours / Reportage Diana Hoffmann

Den Educatiounsministère géing sech an enger sëllege Fäll net un d'Aarbechtsgesetz halen, sou d'Reproche vum SEW, de Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL. D'Chargés de Cours'en an Employéeë géingen a prekär Situatioune bruecht ginn, well si CDD'en, also Contrats à durée déterminée géingen uneneegereit kréien, ouni reell Aussiicht op en dauerhafte Kontrakt, seet d'Isabelle Bichler, Presidentin vum Comité Chargée de cours vum SEW. Dëst zum Beispill, wann de Kontrakt vun Ufank un geduecht war, fir eng Persoun ze remplacéieren. En extreemt Beispill vu verlängerte CDD'e wier eng Persoun, déi 20 Joer ënnert esou Konditioune vu begrenzte Kontrakter geschafft hätt.

Doriwwer eraus géingen d'Paien dacks mat enorme Retarde vu bis zu 4 Méint ausbezuelt ginn. Bei de Chargéen aus dem Secondaire huet de President vun der ACEN, der Associatioun vun de Chargéeën am Enseignement, de Luc Wildanger dann nach kritiséiert, dass d'CDD'e reegelméisseg just bis zu de Vakanzen, besonnesch déi grouss Vakanz, géingen ausgestallt ginn. Eréischt duerno géinge se dann dacks ëmmer nees nei verlängert ginn. Besonnesch Beruffsufänger géingen och schonn emol ouni Kontrakt virun enger Klass stoen a Schoul halen, am Glawen, dat wier kee Problem.

RTL

D'Kontrakter fir sougenannt Experts externes, also Experte vum Terrain, déi Coursen zu bestëmmte Sujeten halen, géingen deels mëssbraucht ginn, stellt den SEW fest. Dës wiere fir Independante geduecht, déi dat nieft hirer Aarbecht maachen. Esou Kontrakter géingen awer reegelméisseg genotzt ginn, bei Leit, déi normal Schoulfächer halen. Dobäi wier de Stonneloun zanter Joren hei net méi ugepasst ginn, a se wieren ouni Krankeversécherung, betount de Luc Wildanger.

Beim zoustännege Minister Claude Meisch (DP) géing een op daf Ouere stoussen. De politesche Wëlle géing feelen, fir strukturell a laangfristeg Léisungen ze fannen, sou d'Aschätzung. De 7. Februar hätt een eng Entrevue gefrot. Eng Ufro déi bis haut net beäntwert gi wier.