Police mellt
Abriecher an engem Haus zu Wëlwerwolz gepëtzt
Wéi d'Police géint 15.35 Auer wéinst engem Abroch op Wëlwerwolz an d'Strooss a Millefeld geruff gouf, hunn d'Beamten den Abriecher nach am Haus ugetraff.
Den Täter hat hannert dem Haus eng Kellerfënster ageschloen, fir eranzekommen. Den Täter, dee geklaut Géigestänn bei sech hat, gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Freideg virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet e Mandat d'arrêt géint de Mann ausgestallt.
Am Kader vun der Sich nom Abriecher huet eng aner Patrull op der Gare zu Wëlwerwolz zwou weider verdächteg Persounen, e Mann an eng Fra, ugetraff. Géint si gouf Plainte gemaach an eng Enquête lancéiert.
Am meeschte gelies