Trotz den ekonomeschen a finanziellen Turbulenze vun de leschte Méint kann d'BIL d'Joer mat engem Netto-Resultat vun 153 Milliounen Euro ofschléissen.

D'Depote vun de Cliente sinn nëmmen ëm kleng 2 Prozent op 21 Milliarde geklommen; d'Prêten, déi d'BIL un Cliente gëtt, maache bal 17 Milliarden aus, wat eng minimal Hausse vun 1 Prozent ass - bedéngt natierlech, datt aktuell vill manner Immobiliëprête gemaach ginn.

Am offizielle Schreiwes vun der BIL geet Rieds vun enger robuster Performance zejoert an och fir dëst Joer géifen d'Onsécherheete ganz grouss an d'Finanzmäert onstabil bleiwen.

D'BIL seet dann och nach emol kloer an däitlech, datt een net mat Kreditter vis à vis vum Crédit Suisse oder der Silicon Valley Bank engagéiert an exposéiert wier.

Aktuell schaffen eng 2.000 Leit bei der BIL.