Patiente mat Covid-Symptomer solle weiderhin eng Mask undinn

© afp
Zanter dem Weekend sinn all d'Covid-Mesuren opgehuewen. Dëst gëllt och fir d’Spideeler an d’Alters-a Fleegeheemer.
Trotzdeem bleift et jidderengem fräi, eng Mask unzedoen. Wann e Patient Otemproblemer huet oder kloer Covid-Symptomer, gëtt iwwerdeems onbedéngt geroden, eng Mask unzedoen, seet de medezineschen Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman Claude Braun. D'HRS recommandéieren och hire Mataarbechter a Visiteuren, déi Symptomer vun enger Infektioun vun den Otemweeër, wéi Houscht, Féiwer, Halswéi oder eng Nues déi leeft opweisen, eng Mask unzedoen.
Et wieren och just d'Patienten, déi Symptomer vun enger Covid-Erkrankung hunn, déi getest ginn, wann eng Interventioun gemaach gëtt, ënnersträicht d'Dokter Martine Goergen vum Centre Hospitalier de Luxembourg. Systematesch PCR-Tester gi bei hospitaliséierte Patienten net méi gemaach, sou och d'Anja Di Bartolomeo vum Centre Hospitalier du Nord. Ausser e Patient hätt Symptomer, déi duerch en Test misste confirméiert ginn. Wann dësen da positiv op de Coronavirus getest gëtt, gëtt e fir 5 Deeg isoléiert. Wann d'Symptomer da fort sinn, kann d'Isolatioun opgehuewe ginn, seet d'Dokter Martine Goergen.
Am Centre Hospitalier du Nord däerf e Patient vun zwee Visiteure pro Dag besicht ginn. Am CHL, am CHEM an an den HRS ginn et keng esou Limitte méi. Visiteure mat Grippesymptomer sollen awer e Mask undoen an Distanz halen oder wa méiglech net kommen.
An den Alters- a Fleegeheemer vu Servior ginn et keng besonnesch Covid-Restriktioune méi. "Covid gëtt behandelt, wéi all anere Virus", sou d'Nathalie Hank vu Servior. Schonn ëmmer hätt ee besser opgepasst, wann eng Gripp am Ëmlaf ass. Eng Isolatioun, wann e Bewunner Covid huet, géing et vun elo un net méi ginn. D'Maske sinn an den Haiser vu Servior net méi obligatoresch.